arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisser Bëschbränn a Frankräich hunn Afloss op den Tour de France

Frankräich

|
reading time

2 min

Gréisser Bëschbränn a Frankräich hunn Afloss op den Tour de France

D’Bëschbränn am Departement Pyrénées-Orientales a Südfrankräich suergen och fir Upassunge beim Tour de France. Déi drëtt Etapp vun haut soll op franséischem Territoire ouni Zuschauer an ouni Publicitéits-Caravanne sinn.

reading time

2 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Kee Changement gëtt et awer beim Parcours vun dëser Etapp: Dee féiert iwwer 196 Kilometer vu Granolleres a Spuenien op Les Angles a Frankräich. Den Tour-Direkter Christian Prudhomme huet virun der Etapp un d'Supporter appeléiert.

"Mir invitéieren de Public net bei d’Rennstreck ze kommen, an net op de Site vun der Arrivée."

Een aussergewéinlecht Feier géif aussergewéinlech Mesurë beim Tour de France néideg maachen, huet de Christian Prudhomme et resuméiert.

Bei dëser éischter Pyrenäen-Etapp haut sollen d’Fans a Frankräich also wéinst de Bëschbränn doheem bleiwen.

Am franséischen Departement Pyrénées-Orientales ass zënter e Samschdeg e grousst Bëschfeier, ronn 70 Kilometer ewech vun der Etappen-Arrivée vun haut. Verbrannt si scho ronn 16 Quadratkilometer.

© EPA/CHLOE REULET
(Foto: EPA/CHLOE REULET)

Canicule kéint fir Ofso vun Etappe suergen

D’Upassunge beim Tour de France goufen decidéiert, fir datt d’Rettungsekippe sech op de Kampf géint d’Feier kënne konzentréieren. Am Asaz si ronn 700 Leit. Et géif ëm d’Protektioun vun der Populatioun goen, esou den zoustännege Préfét.

Géint 16 Auer de Mëtteg soll de Peloton vum Tour de France iwwer déi spuenesch-franséisch Grenz fueren. Bis op d’Arrivée bleiwen dann eng 44 Kilometer op franséischem Territoire ze fueren.

An den nächsten Deeg kéint déi extreem Hëtzt am Süde vu Frankräich zu weideren Upassunge beim Tour de France féieren, heescht et. An Ausnamefäll wier et méiglech, datt Etappen ofgesot ginn, esou de franséischen Inneminister Laurent Nuñez.