arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich wëllt Bauere mat Hëllefsplang virun Dréchent schützen

Hëtzt

|
reading time

1 min

Frankräich wëllt Bauere mat Hëllefsplang virun Dréchent schützen

Déi franséisch Regierung wëllt d'Baueren no der Hëtztwell, der Dréchent an de Bëschbränn mat engem Hëllefsplang ënnerstëtzen. D'Landwirtschaftsministesch Annie Genevard huet ugekënnegt, datt kee landwirtschaftleche Betrib mat de Konsequenze vun der aktueller Situatioun eleng gelooss soll ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / Countrypixel | FRP
(Foto: picture alliance / Countrypixel | FRP)

De Plang gesäit ënner anerem finanziell Noutmesuren, d'Iwwerhuele vu Sozialbäiträg an administrativ Vereinfachunge vir. Och den Zougang zu Waasser soll lokal un d'Situatioun ugepasst ginn, fir déi landwirtschaftlech Produktioun esou wäit wéi méiglech ze ënnerstëtzen, heescht et.

57 Departementer am Krisenzoustand

A Frankräich si mëttlerweil 98 Departementer vun der Dréchent betraff. A 57 dovu gëllt e Krisenzoustand mat strenge Restriktioune fir de Waasserverbrauch.