arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn e Punkt erreecht, wou vill Betriber wäerten existenziell Problemer kréien"

Luc Emering am Interview

|
reading time

5 min

headphones

12 min

play_arrow

"Mir hunn e Punkt erreecht, wou vill Betriber wäerten existenziell Problemer kréien"

Déi aktuell Dréchent wäert laangfristeg Schied hannerloossen: Do ass sech den DP-Deputéierten a Landwirt Luc Emering sécher. Net awer just an der Natur, mee och an der Landwirtschaft. Doriwwer eraus ass hien net der Meenung, datt een der Regierung a Saache Klimapolitik grouss Virwërf maache kann.

reading time

5 min

headphones

12 min

play_arrow
Luc Emering | © 100,7
Luc Emering (Foto: 100,7)

Virun e puer Deeg huet de President vun der Ëmweltkommissioun an der Chamber an CSV-Deputéierte Paul Galles am 100,7-Interview gesot, d’Regierung misst an der Klimapolitik "méi konsequent" ginn.

De Vizepresident vun där Kommissioun ass den DP-Politiker Luc Emering. Hien ass vu Beruff Bauer an erlieft esou aus éischter Hand, wéi déi aktuell Hëtzt an Dréchent sech op eis Ëmwelt auswierken. Datt d’Politik awer net genuch maache géing, dat ënnerschreift hien esou net.

"Schroen Zoustand" uechtert d'Land

De Klimawandel ass "méi wéi do", seet de Luc Emering am 100,7-Interview. Vereenzelt Bauere géinge sech nach un eng änlech Drécheperiod uganks den 1970er erënneren. Aktuell géing d’Natur nees extreem leiden.

“Et ass e schroen Zoustand dobaussen, dee mir erliewen. Et ass evident, datt eng Regierung mat alle Moyenen, déi mir hunn, muss handele fir den Zenario méiglechst anzedämmen.”

Mee mécht Schwaarz-Blo dat och? De Luc Emering ass der Meenung, datt wann een d’Zuele kuckt, dës Regierung esou vill a Klimaschutz an an d’Energietransitioun investéiert wéi nach keng virdrun.

De Problem kritt een net geléist, just nach gebremst

Elleng am Beräich vun der Dekarboniséierung wieren an der Chamber eng 150 Milliounen Euro gestëmmt ginn. Weider Beispiller wieren de Leasing social vun de Wärmepompelen oder Photovoltaikanlagen nieft den Autobunnen, déi komme sollen.

“Et ass eng ganz Panoplie u Mesuren. Mir mussen awer trotz allem der Saach realistesch an d’Ae kucken: Klimaerwiermung ass e globale Problem.”

Grouss CO2-Produzente wéi d’USA oder China misste mam gudde Beispill vir goen, seet de Luc Emering. Mee egal wéi: De Problem kréich een net méi geléist, just nach gebremst.

"Wëlle mir zu Lëtzebuerg nach Liewensmëttel produzéieren oder net?"

Am Allgemenge steet Lëtzebuerg net schlecht do wat d’Erreeche vu senge Klimaziler ugeet. Déi lescht Zuele vum Ëmweltministère weisen awer och, datt a verschiddene Secteuren nees méi C02 ausgestouss ginn ass. Ënner deene Secteuren ass och d’Landwirtschaft.

2025 huet d’Landwirtschaft 5 Prozent méi CO2 ausgestouss wéi nach am Joer virdrun. Dat léich mat der Liewensmëttelproduktioun zesummen, erkläert de Luc Emering.

“Dat ass doduerch ze erklären, datt an der Landwirtschaft méi Béischten op de Betriber gehale ginn, well do en Deckel drop ass an all Mënsch wëllt esou no wéi méiglech do dru kommen.”

Hie wërft awer d’Fro an de Raum, wéi een hei am Land an Zukunft mat der Liewensmëttelproduktioun wëllt ëmgoen. Wann ee se bäibehale wëllt, da wäert dat ëmmer mat engem gewëssen CO2-Ausstouss verbonne sinn.

“De Problem ass net geléist, wa mir eis Produktioun an d’Ausland verlageren, wou och Emissiounen entstinn, déi vun der Politik hier oder vun de Kontrollmechanismen hier net esou bewäert ginn – vläit och vun der Gesellschaft net – mee se sinn do. Dat ass eng Realitéit.”

Den Dossier EKABE wier esou ee Beispill. Doru géing ee gutt gesinn, datt d’Verlagerung vun der inlännescher Produktioun op auslännesch Standuerter, wou verschidde Produktiounsnormen an Ëmweltstandarden net esou streng sinn, wéi zu Lëtzebuerg, réng aus wiertschaftlechen Iwwerleeunge geschéien.

“Biodiversitéits- a klimatechnesch gesinn hu mir näischt erreecht, wa mir de Krunn esou zoudréinen, datt mir näischt méi maachen an op enger anerer Plaz fiert den Zuch an d’Mauer.”

Leit musse méi sensibiliséiert ginn, mengt de Luc Emering

Den DP-Deputéierte gesäit méi Spillraum a Potential, den CO2-Ausstouss ze verréngeren, éischter bei den eenzelne Leit. D’Leit kéinte méi sensibiliséiert ginn manner Fleesch ze iessen, a wann da just regional bezéien, oder och manner reesen.

Fir zeréck op d’Aarbecht vun der Regierung ze komme mengt de Luc Emering, datt ëmmer Sputt no uewen ass.

“Et ass ëmmer méiglech, Saache besser ze maachen. Méi Begréngung am urbane Raum, och wann do vill kënnt, wat mir virdrun nach net haten. (...) Et si punktuell Verbesserunge méiglech, an ech mengen, d’Regierung wäert dat och maachen.”

De Problem bleift awer deen, datt een déi ganz Klimakris global upake muss, an een als Eenzelnen wéineg ännere kann, esou de Luc Emering.

"En immens traurege Bléck"

A senger Funktioun als Bauer bezeechent hien den Impakt vum aktuelle Wieder als “ganz schlëmm”: D’Gréngland ass dier, d’Summerkulture wéi de Mais oder aner Kären hunn extreem ënner der Dréchent gelidden. Et wier en “immens traurege Bléck” wann een an d’Natur kuckt, esou den DP-Politiker.

An engem Joer kéint et nees vill besser ausgesinn. Gläichzäiteg ass hie sech awer och sécher, datt dëse Klima bleiwend Schied an der Natur hannerléisst.

“Der Landwirtschaft kann et an engem Joer nees besser goen, mee et ass sécher och en dauerhafte Schued, zum Beispill an de Bëscher. All Joer, wou mir en neien Extreem kréien, wäerte bleiwend Schied kommen.”

Mat grousse Produktiounsverloschter ass ze rechnen

De Luc Emering rechent mat 20 bis 30 Prozent Produktiounsverloscht fir säi Betrib. National gesi kéint de Verloscht awer esouguer bei 40 bis 50 Prozent leien. Dat hänkt vun der Buedembeschafenheet an de Kulturen of, déi ugebaut ginn.

D’Maisproduktioun kéint bis zu 50 Prozent abriechen.

“Mir hunn e Punkt erreecht wou vill Betriber wäerten existenziell Problemer kréien.”

Eventuell muss een an Zukunft aner Kulturen ubauen, déi zum Beispill aus méi südleche Länner kommen, a besser un d’Dréchent adaptéiert sinn. Mee zu Lëtzebuerg bréicht et egal wéi och ëmmer Gras. An dat wiisst just, wann et genuch Waasser gëtt. “An dat feelt”, esou de Luc Emering.

play_arrow Lauschteren