search

/ 2.000 Joer alen Theater: Wéi Duelem seng réimesch Vergaangenheet wëll opliewe loossen

National

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

2.000 Joer alen Theater: Wéi Duelem seng réimesch Vergaangenheet wëll opliewe loossen

Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt? Wa jo, da sidd Dir warscheinlech ënner de puer Raren hei am Land, déi dëse Site kennen. Dovu ginn op alle Fall d'Gemeng Duelem zesumme mam Kulturminister, dem INRA a weideren Associatiounen aus.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
De réimeschen Theater zu Duelem | © Sté Bisenius
De réimeschen Theater zu Duelem (Foto: Sté Bisenius)

Si wëllen de gallo-réimesche Site méi bekannt maachen. Ricciacum, wéi Duelem zur Réimerzäit genannt gouf, war deemools nämlech wäit iwwer déi heiteg Grenzen eraus bekannt.

Laanscht déi vill befuere Via Agrippa huet sech iwwer d’Joerhonnerten am haitegen Duelem e Vicus - also eng réimesch Siidlung - entwéckelt, wéi d’Nena Sand, Archeologin vum nationalen Archeologie-Institut INRA erkläert.

Ricciacum - eng réimesch Grousssiidlung, déi zu Lëtzebuerg kaum bekannt ass

Ricciacum, also Duelem, hätt sech am Laf vun der Zäit zu enger richteg grousser Siidlung entwéckelt. Nieft enger Thermen-Anlag hunn d’Réimer och een Theater gebaut. Dëse wier haut eigentlech de Bijou vun der réimescher Archeologie hei zu Lëtzebuerg, esou d’Nena Sand. Och well en nach esou gutt erhale wier. Ganz bekannt ass deen zu Lëtzebuerg awer net, wat d'Nena Sand bedauert.

"Leider bis elo, virun allem bei de Lëtzebuerger, relativ onbekannt. Leider." 

Zu Réimerzäite wiere Leit wäit iwwer d’Grenze vum deemolege Vicus eraus an den Theater komm. 

"Fréier hunn 3.000 bis 3.500 Leit hei Plaz fonnt. Haut kréie mir dann zum Verglach just eng 120 eran."

Am réimesche Ricciacum hunn awer wuel just eng 1.000 bis 2.000 Leit gewunnt. En Indiz dofir, datt den Theater vill Leit vun ausserhalb ugezunn huet. 

Anescht wéi haut wieren Theateren deemools net just fir Konscht a Kultur genotzt ginn.

"Souwuel d'Ënnerhalung, mee awer och huet ee sech hei afonnt fir politesch Versammlungen, fir reliéis Versammlungen, fir alles eigentlech, wou ee ganz vill Leit huet missen zesummebréngen."

D'Archeologin Nena Sand | © Sté Bisenius
D'Archeologin Nena Sand (Foto: Sté Bisenius)

En neien Daach, dee just säin Zweck erfëllt

Zu Réimerzäite wieren déi stengen Tribünen iwwerdeems nach gutt 15 Meter weider eropgaangen, erkläert d’Archeologin vum INRA. De Gros vun de Sëtzplaze läit haut gréisstendeels ënnert dem Buedem.

D’Réimer hunn den Amphitheater - wéi deemools üblech - ouni zouenen Daach erriicht. Haut iwwerdeckt een Daach aus Blech déi historesch Tribünen. Dee war eigentlech als Provisorium geduecht, esou den DP-Kulturminister Eric Thill.

"Et erfëllt säin Zweck, jo, mee et gesäit net super aus."

Den Nodeel vum Blech ass och, datt et bei Reen uerdentlech am ganzen Theater scheppert. Éischter ongënschteg fir eng Plaz, wou Concerten opgeféiert ginn.

Nees Liewen an den Theater bréngen

Nieft dem Daach sinn awer och déi begrenzte Sëtzplazen e Problem. De Kulturminister versprécht esou wäit et méiglech wier d’Gemeng bei der Opwäertung vum Site ze ënnerstëtzen. 

"Do schaffe mir drun. An do si mir amgaangen eng Machbarkeetsstudie ze maachen, fir emol ze kucken, wat nach méiglech ass."

Nieft dem Theater soll och den archeologesche Site vun den Thermen opgewäert ginn. Dëse läit am Duerfkär an ass mat Buedem zougedeckt.  D’Pällemshecken zeechnen de Verlaf vun den ale Maueren no.

Den David Weiss, Direkter vum nationalen Archeologie-Institut gëtt och ze bedenken, datt de 35 Hektar groussen archeologesche Site aktuell duerch eng Landstrooss an zwee gedeelt ass. 

"Ee vun den Defien ass, wéi mir mat der Stroossesituatioun ëmginn, well den Theater, sou wéi dat Handwierkervéierel, wat elo ausgegruewen ass, an dann e bësse méi wäit och nach en Tempelbezierk, fir déi verschidde Saachen ze verbannen an och de Leit en Androck ze gi wéi grouss dat Ganzt tatsächlech war."

Keng einfach Aufgab - wéi een héiert war dës Plaz net just zu Réimerzäiten eng vun den Haaptverkéiersachsen.

D’Machbarkeetsstudie soll bis Enn dës Jores ofgeschloss sinn. Eng gutt Nouvelle hat de Buergermeeschter Romain Kill vun der Gemeng Duelem awer nach. Insgesamt hätt d‘Gemeng e Budget vun 1,1 Milliounen Euro fir d’Re-Valoriséierung vum Site.

De Vicus - also déi Réimech d’Siidlung a speziell de gallo-réimeschen Theater, esou wéi de klenge Musée vun de Riccicacus-Frënn si vum 21. Mäerz bis den 1. November Weekends fir de Public op. Am Summer vum 1. Juli bis de 15. September, kann een och ënner der Woch den Theater gratis besiche goen. Dat vun 10 Auer moies bis 18 Auer owes.

play_arrow Lauschteren