40 Joer no enger Serie vu Bommenattentater uechter Lëtzebuerg wärend dem Kale Krich fänkt haut um Méindeg deen zweete Bommeleeërprozess un. 7 fréier Gendaarme sinn ugeklot, am 1. Prozess vu virun 11 Joer Falschaussoe gemaach ze hunn. Si kréien domat net virgeworf, d'Co-Auteure vun den Attentater gewiescht ze sinn. Well wien d'Bommeleeër waren, ass no 40 Joer nach ëmmer net gewosst.
Éischt Inculpatioun am Joer 2007
"Ech wëll awer och elo net hei soen, wann dat alles, déi Enquête, déi Schwieregkeeten hat, déi se eeben huet, datt dat der Police hir Schold ass. Et ass och hei am Haus gesënnegt ginn."
D'Justiz hätt um Ufank net intensiv genuch enquêtéiert, sot de fréiere Procureur Général Robert Biever viru Joren. Et huet iwwer 20 Joer gedauert, bis et éischt konkreet Resultater gouf: D'Inculpatioun vun zwee fréiere Gendaarme wéinst den Attentater war am Joer 2007, méi wéi 23 Joer no den éischten Explosiounen.
Mee d'Täter waren och gutt organiséiert an informéiert. Si hu sech vun 1984 bis 1986 wärend de ronn 20 Attentater e Spaass doraus gemaach der Justiz an der Police ëmmer e Schratt viraus ze sinn. Beispill beim Sprenge vun engem Cegedel-Stroummast zu Izeg am Mee 1985, wéi de Robert Biever deemools erkläert huet.
"Iwwerwaacht waren d’Poteauen 31 bis 39, net d’Nr. 30. An d’Bomm ass bei der Nr. 30 héichgaangen."
Et gëtt a Richtung Gendarmerie enquêtéiert
D'Attentäter waren Insider. A wéi d'Enquête gewisen huet: Méiglecherweis aus dem Sécherheetsapparat selwer. D'Justiz huet ugefaangen a Richtung Gendarmerie ze enquêtéieren, a méi spezifesch Richtung Brigade mobile, kuerz BMG.
Dem däitsche Bundeskriminalamt no kéint d'Motivatioun gewiescht sinn, fir d'Politik dozou ze beweegen, méi an d'Gendarmerie ze investéieren.
"Faktisch haben die Täter, wie auch immer ihre Motivatiounslage war, erreicht, dass Reformen innerhalb der Strafverfolgungsorgane initiert und umgesetzt wurden. Sie haben aufgezeigt, wo bei der Gendarmerie Mängel bestanden, und diese Mängel wurden abgestellt."
Bis haut ass net gewosst, wien d'Attentatsserie geplangt an exekutéiert huet. Déi zwee ugekloten Ex-Gendaarme waarden nach ëmmer drop, datt d'Geriicht si schëlleg oder onschëlleg sprécht, mee hire Prozess ass zënter iwwer 11 Joer op Äis geluecht.
Wa si dobäi waren, da ware si net eleng. Dat gëllt als geséchert. D'Justiz ass an der Zäit vu minimum 4 Täter ausgaangen. An ob déi exklusiv an der fréierer Gendarmerie ze siche sinn, oder och soss am Sécherheetsapparat, ass net gewosst.
D'Roll vum Kale Krich
Dobäi spillt och de Kontext vum Kale Kréich eng Roll. Westeuropa ass Mëtt den 80er Joren nach ëmmer drop agestallt, datt den Ennemi - de russesche Feind - all Moment kann ugräifen. D'Militärallianz NATO trainéiert an den europäesche Länner den Eeschtfall: Zenarien, wéi deen, deen zu Lëtzebuerg duerch d'Bommenattentater Realitéit ass, ginn op anere Plaze simuléiert.
D'Defense vun den zwee Ugekloten Ex-Gendaarme Scheer a Wilmes huet am éischte Prozess vun 2013 bis 2014 vill weider Pisten op d'Tapéit bruecht, och a Richtung NATO. De Gaston Vogel, mëttlerweil verstuerwenen Affekot vum Ex-Gendaarm Marc Scheer, am Februar 2013:
"Ech hu keng Wahrheitspflicht. Ech hunn d'Flicht, meng Leit aus der Schäiss erauszebréngen. Ech hu weider näischt wéi Doutten opzebréngen a Pisten, déi net gefuerscht gi sinn."
Ob d’Justiz all de Spueren nogaangen ass oder net: D'Auteure mussen Insider gewiescht sinn. An et goufen där, déi d'Enquête probéiert hunn, ze behënneren. Dee Virworf stoung an dëser Affär méi wéi eng Kéier am Raum. 2008 huet den deemolege Police-Generaldirekter Pierre Reuland misse vum deemolege Justizminister Luc Frieden ofgesat ginn, well de Parquet dem fréiere Gendaarm Behënnerung vun der Justiz virgeheit huet.
De Luc Frieden am Fokus
An de Luc Frieden, haut Staatsminister, ass 2013 op eemol selwer an de Fokus geroden.
"Probéiert Aflossnam op d'Justiz: Aus gutt informéierte Justizkreesser krute mir gesot, den deemolege Justizminister hätt méi wéi eng Kéier gemengt, d'Enquête iwwer d'Bommeleeër-Affär sollt besser zougemaach ginn."
De Luc Frieden huet déi 100,7-Nouvelle deemools géintiwwer anere Medien dementéiert, an dësem Radio eng onseriö Berichterstattung virgeheit. E puer Wochen drop huet de Procureur Robert Biever dunn am 100,7-Interview awer eng Lawin ausgeléist.
"Mee en ass ëmmer dorëm zeréckkomm: Ass dat wierklech opportun? Och an engem Moment, wou d'Enquête sech a Richtung Police dirigéiert."
De Luc Frieden huet de Mësstrauensvott an der Chamber esou just iwwerlieft, mee d'CSV-LSAP-Koalitioun ass e Mount drop an d'Bréch gaangen. De Bommeleeër-Prozess ass weidergaangen, a virun der Summervakanz 2014 - no iwwer 170 Seancen - kënnt d'Iwwerraschung: De Prozess gëtt op Äis geluecht, weider ex-Gendaarme ginn inculpéiert, d'Enquête geet virun.
An dann dauert et bis 2025 bis kloer ass: Et gëtt en zweete Prozess géint 7 fréier Gendaarmen, déi virgeheit kréien, Falschaussoe gemaach ze hunn. Mëttlerweil sinn et 41 an en halleft Joer hier, datt déi éischt Bomm zu Beidler explodéiert ass.