arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat sinn d'Conclusiounen aus dem Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun?

Chamber

|
headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Wat sinn d'Conclusiounen aus dem Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun?

Um Donneschdegmëtteg stinn d'Debaten an der Chamber iwwer de Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun un. Am Virfeld huet eis Journalistin Ana Angel sech de Rapport vun där Kommissioun méi genee ugekuckt a weess, op wéi enge Punkten ee sech eventuell méi hëtzeg Diskussiounen erwaarde kann.

headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Eng Sitzung vun der Chamber-Spezialkommissioun zur Caritas-Affär. | © Chambre des députés
Eng Sitzung vun der Chamber-Spezialkommissioun zur Caritas-Affär. (Foto: Chambre des députés)

Wéi de radio 100,7 virun 2 Deeg gemellt huet, ginn et an der Enquête ronderëm d’Caritas-Affär nei Entwécklungen: Zwee Männer kréie reprochéiert, a Spuenie Bankkontoen opgemaach ze hunn, iwwer déi en Deel vun den 61 Milliounen Euro der Caritas geklaut gi sinn. An deenen zwee Fäll soll d’nächst Woch fréizäiteg en Urteel gesprach ginn.

De parlamentaresche Volet vun där Affär soll iwwerdeems haut um Donneschdegmëtteg ofgeschloss ginn. An der Chamber ass d’Debatt iwwer de Rapport vun der Spezialkommissioun. Déi kéint méi spannend ginn wéi de schrëftleche Rapport u sech. De Rapport, deen d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding ausgeschafft huet, ass nämlech e politesch neutrale Rapport, dee vun all de Parteien unanime ugeholl gouf. Et kann een also soen, datt dëse Rapport de klengst méigleche gemeinsamen Nenner tëschent all de Parteie war. De Mëtteg ass da méi Parteipolitik méiglech.

Wat steet am schrëftleche Rapport?

Wann ee sech de Rapport ukuckt, da fält fir d'éischt op, datt alles zimmlech vage gehalen ass. Dat weist, datt d’Spezialkommissioun elo net op grouss Dysfonctionnementer gestouss ass, déi een op parlamentareschem Niveau dréngend misst klären.

Wat awer an den Ae vun der Kommissioun misst an der Chamber gekläert ginn, ass d’Fro, ob et déi richteg Decisioun war, eng Spezialkommissioun ze grënnen. Verschidden Deputéiert, dorënner de Kommissiounspresident Charel Weiler vun der CSV, sinn der Meenung, datt et duerchaus de richtege Choix war. Mee souguer hie gëtt ze bedenken, datt si un hir Limitte gestouss sinn.

Anescht wéi an enger Enquêtëkommissioun, huet een als Spezialkommissioun nämlech keng Hiewele fir mat kontradiktoreschen Aussoen ëmzegoen. An där goufen et der duerchaus, notamment doriwwer, wéini de Caritas-Verwaltungsrot op déi frauduléis Virementen opmierksam gemaach gouf. Déi ginn am Rapport einfach erwäänt, ouni datt eng Analys dovu ka gemaach oder eng Conclusioun ka gezu ginn.

Dofir hält de Rapport elo fest, datt d’Cellule scientifique elo analyséiere soll, wéi eng weider Form vu Kommissioun een zu Lëtzebuerg bréicht fir kënnen an esou engem Fall anzesetzen.

Wat seet de Rapport iwwer d’Caritas an déi aner Acteuren?

Wat duerchaus iwwerrascht ass, wéi d’Roll vum Bistum duergestallt gëtt. Obwuel den 100,7-Podcast Carambolage gewisen huet, datt de Bistum scho virun der Regierung iwwer d’Fraude vun 61 Milliounen Euro Bescheed wousst, an de Kardinol Jean-Claude Hollerich ëffentlech gemaach huet, wéi wann hien net vill gewosst hätt an dat och réischt ganz spéit, gëtt dat a kengem Wuert am Rapport erwäänt. 

Doriwwer eraus ginn et kleng Indicen am Rapport, aus deenen ee schléisse kann, datt d’Deputéiert sech net op all de Punkten eens waren. Dat hunn ech iwweregens och no de Kommissiounssëtzung e gemierkt: D’Deputéiert sinn dacks nach virun der Dier stoe bliwwen, sief et fir ze héieren, wat déi aner Deputéiert der Press esou erzielen a fir deem direkt kënnen ze widderspriechen, oder well si eben nach net fäerdeg mat hirem Meenungsaustausch waren.

E Beispill: D’Conclusiounen aus dem Rapport zu den internationalen Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Caritas. Et schéngt, wéi wann dee Sujet net grad esou wichteg war an der Kommissioun. Dat liest een aus den Notize vun der Rapportrice Taina Bofferding, déi eis virleien, eraus. Do steet nämlech genee ee klengen Abschnitt dozou dran: Datt ee sech op internationalem Niveau fir eng Verbesserung vun der Kooperatioun misst asetzen. Kee Wuert iwwer déi 55 Mataarbechter:innen am Südsudan, déi wéinst der Fraude hir Aarbechtsplaz verluer hunn.

Am finale Rapport fënnt ee scho bësse méi doriwwer: Et bedauert een zu déifst, datt keng Léisung konnt fonnt gi fir déi international Aktivitéite weiderzeféieren. Et léist sech hei och eng Kritik erausliesen, nämlech datt d’Reaktioun vum Ausseminister Xavier Bettel e bësse spéit komm wier. Hei awer mat der Prezisioun datt just "verschidden Deputéiert" sech dozou kritesch geäussert hätten.

Dowéinst kéint also de Volet vun den internationale Caritas-Aktivitéiten de Mëtteg an den Debaten duerchaus spannend ginn. Et schéngen dem Rapport no nämlech och just “certains membres” an der Kommissioun ginn ze sinn, déi bedaueren, datt duerch de Verloscht vum Plädoyer politique eng wichteg politesch a kritesch Stëmm verluer gaangen ass.

Wou sinn all d’Membere vun der Spezialkommissioun sech dann eens?

Et schéngt ee sech mol op deem Punkt eens ze sinn, datt Leit, déi an enger ONG engagéiert ginn, Formatioune solle kréien. De Rapport schléit vir, datt een dat mat der Uni.lu zesummen duerchféiere kéint. Weider proposéiert de Rapport e Congé bénévolat, woumat Leit op hirer fester Aarbechtsplaz fräigestallt ginn, fir sech kënne benevole ze engagéieren.

Eng weider Conclusioun ass, datt all d’Kontrakter, déi déi verschidde Ministère mat ONGen ausschaffen, missten harmoniséiert ginn, also uneneen ugepasst a vereenheetlecht ginn.

play_arrow Lauschteren