D'lescht Woch koum d'Meldung, datt bal zwou Milliarden E-Mail-Adressen an 1,3 Milliarde Passwierder fräi zougänglech am Internet publizéiert goufen.
D'Multifaktor-Autorisatioun
Den Alexandre Dulaunoy vum staatleche Computer Incident Response Center erkläert am 100,7-Interview, datt een net genau soe kéint, wéi vill Passwierder vu Lëtzebuergesche User:innen dobäi waren. Trotzdeem sollt een iwwerpréiwen, ob een net Affer ginn ass.
"Il y a un site web qui s'appelle ''haveibeenpwned.com", qui est le site web en général qui contient beaucoup de bases de données. En fait ce qui se passe c'est que les polices, l'enforcement donnent en fait les bases données à ce site web et ça vous permet de faire un look-up."
Hie betount, datt dësen Internetsite och legitim wier, a souguer dacks vun Europol an aneren Institutioune recommandéiert gëtt.
Fir sech an Zukunft besser am Internet ze schütze recommandéiert den Alexandre Dulaunoy d'Multifaktor-Autorisatioun. Dëst ass eng komplementar Authentifikatioun, déi eng Zuel oder e Code generéiert, déi ee bei der Umeldung op engem Site zousätzlech zum Passwuert muss aginn. E Beispill ass de Google Authenticator. Esou kann een Hacker mam Passwuert a a mam Username eleng näischt méi ufänken.
Almoudesch Methode sinn dacks déi bescht
Fir sech d'Passwierder ze mierke kann een nieft spezialiséierten Online-Tools awer och nach déi "old school" Aart a Weis uwennen.
"Si vous n'avez pas la capacité d'utiliser un gestionnaire de mots de passe, une bonne pratique qui existe toujours, c'est d'avoir un carnet. Un carnet où vous écrivez des mots de clé ou des mots de passe que vous allez avoir pour chaque site et vous conservez ce carnet en sécurité comme votre porte-le-feuille en fait."
Och wa spezialiséiert Passwuertmanager an der Reegel gutt geschützt sinn, esou besteet natierlech trotzdeem de Risk dat se Affer vun enger Cyberattack kënne ginn. Also sinn déi ganz almoudesch Tricker net onbedéngt déi schlechtst.