arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KI-Assistent vun X geréit a Kritik - Elon Musk schwätzt vun Zensur

Technologie

|
headphones

1 min

KI-Assistent vun X geréit a Kritik - Elon Musk schwätzt vun Zensur

Indonesien huet gëschter um Samschdeg zäitweileg Grok blockéiert, de Kënschtlechen-Intelligenz-Assistent vun der Plattform X vum Elon Musk. Dat an der Suite vum Skandal ronderëm gefälschte pornographesch Biller.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Mojahid Mottakin
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Mojahid Mottakin)

"Fir Fraen, Kanner an d'Allgemengheet virun de Risike vu gefälschte pornographesche Contenuen, déi mat Hëllef vun der Kënschtlecher-Intelligenz-Technologie generéiert goufen, ze schützen, huet d'Regierung den Accès zur Grok-Applikatioun temporär blockéiert," sot d'Ministesch fir Kommunikatioun a Digital Affären, d'Meutya Hafid, an enger Erklärung.

UK an EU préiwen den KI-Assistent och

Den Elon Musk selwer huet iwwerdeems déi brittesch Regierung kritiséiert, déi aktuell och iwwerleet, Grok ze verbidden.

Et wier e faschisteschen Zensur-Versuch, esou de Musk.

Och d‘EU-Kommissioun huet e kritescht Aen op d‘KI vun X geworf: Bréissel zweifelt drun, datt X sech un europäesch Digital-Gesetzer hält.

Op der Plattform hu rietsextrem Iddien an Haassopriff an de leschte Joren däitlech zougeholl.