Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Remi Wolf - Cinderella

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat kann d’Bündnis Sahra Wagenknecht offréieren?

Däitsch Politik

Wat kann d’Bündnis Sahra Wagenknecht offréieren?

Déi fréier Lénk-Politikerin Sahra Wagenknecht huet offiziell hir nei Partei gegrënnt. Zu Berlin huet sech d’Parteispëtzt ëm d’Bundestagsdeputéiert presentéiert. D’Partei huet annoncéiert, souwuel bei den Europawalen am Summer wéi och bei den dräi däitsche Landtagswahlen am Hierscht wéilten unzetrieden. De Wuesstem bis dohin an der Partei kéint awer e puer Problemer mat sech bréngen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / PIC ONE | Christian Ender play_arrow
(Foto: picture alliance / PIC ONE | Christian Ender)

450 Membere well d‘Bündnis Sahra Wagenknecht an engem éischte Schrëtt ophuelen. Op éischte Bléck eng relativ niddereg Zuel fir eng Partei, déi ëmmerhi mam Zil un de Start geet, 2024 scho bei véier grousse Walen unzetrieden.

D’Grënnungsekipp vum Bündnis em déi fréier Lénke-Fraktiounscheffin Sahra Wagenknecht ass sech dem Risiko vun ze oppenen Dieren offensichtlech bewosst. Si missten oppassen, net am Ufank Leit opzehuelen, déi sech net géife bedeelegen, oder d’Partei an eng aner Richtung wéilten drécke wéi si et geplangt hätten, seet d’Sahra Wagenknecht.

Participatioun vun der Basis als wichtege Pilier

Sinn déi 450 Memberskaarten da bis verdeelt, sollen interesséiert Leit sech als éischt mol als Ënnerstëtzer bedeelegen. D’Participatioun vun der Basis soll e wichtege Pilier vun där neier Partei ginn.

"Anders als andere Parteien, wollen wir tatsächlich die Programmatik gemeinsam mit denen entwickeln, die von den Problemen im Land im Alltag betroffen sind und die oft besser als hauptamtliche Politiker wissen, welche Veränderungen ihnen wirklich helfen würden."

Am Hierscht lescht Joer hat d’Sahra Wagenknecht, wuel déi bekanntsten nach politesch aktiv Persoun an der däitscher Lénkspartei, hiren Depart annoncéiert. Eng Rei Deputéiert aus dem Bundestag haten hir et nogemaach, als Konsequenz huet Die Linke hir Fraktiounsstäerkt verluer.

Partei geet a véier Wale mat

Ob et beim Bündnis Sahra Wagenknecht géif bleiwen, houng nach eng Zäit an der Loft. Elo ass d’Parteigrënnung also offiziell. Den Numm bleift bis zur nächster Bundestagswahl 2025 bestoen, mam Zousaz „für Vernunft und Gerechtigkeit“. Parteicheffinne ginn d’Sahra Wagenknecht an d’Amira Mohamed Ali, och fréier bei Die Linke.

En anere bekannten Numm, deen sech dem BSW ugeschloss huet, ass de Fabio De Masi. De fréiere Bundestags- an Europadeputéierten hat sech ënnert anerem an der Parlamentskommissioun zu der LuxLeaks-Affär en Numm gemaach. Hien soll déi nei Partei an d’Europaparlamentswalen am Juni féiere

"Die Europawahl wird die erste Wahl sein, zu der das BSW antritt, danach folgen drei Wahlen in Ostdeutschland und wir sind zuversichtlich, bei allen drei Wahlen kompetent antreten zu können."

Lénkskonservativ Strategie

Wat ass vun der neier Partei ze erwaarden? Inhaltlech verfollegt d’Partei eng Lénkskonservativ Strategie. An der Wirtschafts- a Sozialpolitik sinn hir Fuerderungen éischter lénks, a gesellschaftleche Froen dofir éischter Konservativ. Et war des Diskrepanz, déi an de leschte Joren ëmmer nees zu Streidegkeeten tëscht der Sahra Wagenknecht an der Lénkspartei gefouert hat. Sou ass d’Bündnis an der Migratiounspolitik méi no un CDU/CSU wéi um lénke politesche Spektrum.

Realistesch wäert d’BSW op kuerz siicht awer wuel virun allem eng Protestpartei sinn: e Baseng fir all déi, déi sech vun den etabléierte Parteien net representéiert fillen. Dozou gehéiert och eng Elitte-skeptesch Positioun.

Observateure vun der däitscher Politik ginn dovun aus, datt d’BSW duerchaus och fir Supporter vun der rietsnationaler AfD kéint unzéien. D‘Sahra Wagenknecht selwer hat scho virun der Parteigrënnung gesot, d’BSW wier duerchaus eng seriö Adress fir AfD-Wieler. Eng Zesummenaarbecht mat der Partei, déi zum Deel als rietsextrem agestuuft gëtt, huet si awer ausgeschloss.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.