Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Koalitiounsgespréicher: Klimawëssenschaftler géife gär gehéiert ginn

Video

Koalitiounsgespréicher: Klimawëssenschaftler géife gär gehéiert ginn

D’Wëssenschaftler aus dem Observatoire fir d’Klimapolitik hoffen, datt si vläicht awer nach an d’Koalitiounsgespréicher invitéiert ginn. “Wann een Interessi besteet, si mir absolutt bereet dohin ze goen,” esou de President vum Observatoire, den Andrew Ferrone, hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

Delegatioune vun CSV an DP hunn hir Consultatioune mat der Zivilgesellschaft zwar gëschter ofgeschloss. Den Andrew Ferrone ka sech awer virstellen, datt säi Gremium trotzdeem nach invitéiert gëtt.

Ech hunn et esou verstan, datt an d’Aarbechtsgruppen d’Leit sollen era kommen, déi Member vun de Parteie sinn, an déi elo wierklech matschwätzen an d’Decisiounen treffen. Ech perséinlech hunn et allerdéngs elo net esou verstan, datt do net nach kënnen Experten invitéiert gi fir do nach verschidden Detailer an de Beräicher ze kucken.” 

 

Den Andrew Ferrone schwätzt sech ënnert anerem dofir aus, datt déi nei Regierung een héije Beamte soll domat beoptragen, fir d’Klimapolitik vun der Regierung ze koordinéieren.

Dat heescht elo net, datt mir d’Kompetenze vum Klimaministère géifen ewech huelen. Mee dee Klimabeoptraagte wier do fir ze kucken, op all d’Ministèren d’Decisiounen, déi de Klimaminister decidéiert, och an der Praxis ëmsetzen. Fir datt mir wierklech eng Koherenz iwwer déi Ministèrë kréien.”

Donieft proposéiert de wëssenschaftlechen Observatoire och de Klimabiergerrot zu engem permanente Gremium ze maachen. D’CSV an d’DP hätten dës an aner Recommandatiounen och d’lescht Woch geschéckt kritt, esou den Andrew Ferrone. D’Delegatioune vun den zwou Parteien hätten awer bis elo nach net reagéiert.