Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat erwaarden d'Lëtzebuerger Ëmweltverbänn sech vun der COP28?

Mouvement écologique a Greenpeace Lëtzebuerg

Wat erwaarden d'Lëtzebuerger Ëmweltverbänn sech vun der COP28?

Offiziell war 2023 weltwäit dat wäermste Joer dat jee gemooss gouf. Et gëtt also gutt Grënn fir op der Klimakonferenz COP28 déi haut zu Dubai ufänkt Resultater ze liwweren. Dat erwaarden sech allefalls och déi Lëtzebuerger Ëmweltschutzorganisatiounen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'COP28 fënnt dëst Joer zu Dubai statt. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Alles just Blabla, wéi ët d‘Greta Thunberg sot, dat ass allefalls net d‘Vue vum Mouvement écologique a Greenpeace. Wann d‘Vertrieder aus 200 Staate sech an den nächsten zwou Wochen treffen, wier et déi eenzeg Geleeënheet, fir den Dossier virun ze dreiwen, och wann déck Brieder musse gebuert ginn. Fir de Fred Meys vu Greenpeace Lëtzebuerg ass schonn de Choix vum Organisatiounsland schwiereg.

"Voilà le contexte est un peu particulier: on arrive dans un pays producteur d'énergie fossile très important et on a en fait le président de cette COP qui est affilié à l'énergie fossile. Les conditions ne nous semblent pas les meilleurs."

Greenpeace mat zwou Haaptfuerderungen

Et soll ee Bilan zu Dubai gemaach ginn: Wéi wäit si mir zanter den Accorde vu Paräis weider komm? Kënnen déi Zieler iwwerhaapt nach erreecht ginn? Et gëtt ganz schwiereg, dat ass ee Fazit, dee scho feststeet. Greenpeace huet dofir zwou Haaptfuerderungen.

"La première revendication c'est très certainement d'arrêter en fait tout nouveau forage de l'énergie fossile. Une deuxième chose c'est de demander à l'industrie pétrolière et gazière de payer pour les dommages qu'ils ont causés."

Ziler vum PNEC iwwerschaffen

Wat de Reparaturfong ugeet, sou gouf et mat der Ukënnegung, datt Däitschland an d‘Vereenegt Arabesch Emiraten zesummen 200 Milliounen Dollar abezuelen, scho Mol eng positiv Iwwerraschung. D‘EU-Staate gi bei dëse Konferenze generell de Rhythmus vir, mee fir de Christophe Murroccu wieren och si net am Soll.

"An deementspriechend musse mir och hei zu Lëtzebuerg nach eemol déi aktuell Zieler vum PNEC, respektiv déi Zieler, déi mir eis elo am neie PNEC oder am iwwerschaffte PNEC gesat hunn, och nach eng Kéier ënnert d‘Lupp huelen."

Datt et och zu Lëtzebuerg soll viru goen huet allefalls den neien Ëmweltminister Serge Wilmes versprach. Hie wëll den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg weider op engem héijen Niveau halen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ëmwelt