Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Regierung wëllt d'Gewässer op d' "Ewigkeitschemikalie" TFA ënnersichen

Waasserqualitéit

D'Regierung wëllt d'Gewässer op d' "Ewigkeitschemikalie" TFA ënnersichen

D‘Regierung huet eng komplett Bestandsopnahm vun der Konzentratioun vun der Ewigkeitschemikalie TFA an de Gewässer hei am Land an Optrag ginn.

auto_stories

1 min

Waasseranalys | © picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg

Dat äntwert den Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro zum Thema vun der DP. Virgesi wieren ënnert anerem d‘Ausschaffe vun enger zouverlässlescher analytescher Method vun der Waasserverwaltung fir méi Analyse vun TFA ze maachen. An d‘Ausschaffe vun enger Kaart fir Stéchprouwen an de Grondgewässer fir d‘Konzentratioun vun TFA nozeweisen an d‘Relatioun tëscht der Konzentratioun a méigleche Quellen z‘analyséieren.

D'Regierung ënnerstëtzt eng nei Klassifikatioun op EU-Niveau

Hannergrond ass, datt Ufanks dës Mounts an enger Drénkwaasserprouf déi chemesch Substanz TFA nogewise gouf. D’Schiedlechkeet vun där Substanz ass nach net etabléiert – Ëmweltorganisatioune warnen awer virun engem potentielle Risiko.

D’Regierung géif donieft ënnerstëtzen, datt d’Klassifikatioun vun der Ewigkeitschemikalie TFA op europäeschem Niveau nei evaluéiert gëtt, heescht et nach an der Äntwert. D’Analyse vun der Waasserverwaltung solle weider entwéckelt ginn an d’Originne vum TFA identifizéiert ginn, heescht et vum Ministère. D’Weltgesondheetsorganisatioun géif iwwerdeems de Moment de potentiellen toxikologeschen Effekt op de Mënsch ënnersichen.