Radioen

On air

Simon Says  |  Alex Ebert - Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 35.000 nei Beem an der Haaptstad bis 2030

Roadmap fir d'Stad Lëtzebuerg

35.000 nei Beem an der Haaptstad bis 2030

D’Gréngflächen a Bëschflächen an der Stad sollen an Zukunft besser protegéiert a méi resilient ginn. D’Stad Lëtzebuerg huet an deem Kontext eng Roadmap ausgeschafft mat fënnef Prioritéiten, déi de Stater Schäfferot e Mëttwoch virun der Press presentéiert huet. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Maurice Bauer | © wikimedia commons play_arrow
Foto: Wikimedia commons

Eng vun deene Prioritéiten ass d'Planze vu 35.000 neie Beem an der Haaptstad. Aktuell ginn et der ëm 22.000. De Stater Scheffen Maurice Bauer gesäit dëse Projet zwar als immens grouss, awer och als immens wichteg un. Et wier eng Aufgab fir e kloert Zeechen ze setzen, wéi d'Stad Lëtzebuerg zu hire Bëscher géif stoen. 

"Och am ëffentleche Raum wëlle mir natierlech vill méi maachen. Ee vun de Projeten ass zum Beispill, datt mir an eng Pépinière ginn, wou mir eis eege Beem wëllen zillen, déi mir dann duerno kënne verplanzen. An dann ass zum Beispill och een Häerzstéck vun där Roadmap  datt mir um Eecher Feld - op engem Feld dat am Moment beackert gëtt - decidéiert hunn, datt mir elo en Hektar neie Bësch wëllen uleeën." 

D'Bëscher spieren den Impakt vum Klimawandel

D'Stad Lëtzebuerg géif iwwerdeems wëssen, datt de Bësch am Ekosystem an am Klimawandel eng wichteg Roll géing spillen. 

Et wier der Stad Lëtzebuerg bewosst, datt d’Bëscher mat de Konsequenze vum Klimawandel géife kämpfen. Zu deene Konsequenze géif zielen, datt d’Beem op Grond vu Stierm an Iwwerschwemmunge géife briechen an och Kränkte vun de Beem wier e grousse Problem.

An engem Zukunftsbësch zu Hamm sollen iwwerdeems néi Baamzorten geplanzt ginn, sou kéint een déi och wëssenschaftlech studéieren.

 

Aktualitéit
Ëmwelt