Radioen

On air

Notturno  |  Will Epstein - Oyster Bay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bréngt dee KI-Supercomputer Lëtzebuerg?

MeluXina AI 

Wat bréngt dee KI-Supercomputer Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg soll e KI-Supercomputer kréien, dee – wéi de Supercomputer MeluXina  - an den Datacenter um Rouscht bei Biissen stoe kënnt. De Wirtschaftsminister Lex Delles an d’Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin hunn um Méindeg déi entspriechend Pläng virgestallt. Ronderëm dee Computer soll eng sougenannt KI-Factory, also eng Fabrik fir Kënschtlech Intelligenz, opgebaut ginn.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz | © Bigstock play_arrow
Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz (Foto: Bigstock)

Eng KI-Fabrik ass net wierklech eng Fabrik am klassesche Sënn vum Wuert, wou spezifesch Produiten hiergestallt ginn. Esou eng KI-Fabrik kann ee sech virstelle wéi eng Ulafstell, wou een engersäits kënschtlech Intelligenz fënnt wann een se als Entreprise brauch fir e Produit oder e Service weider ze entwéckelen oder besser ze maachen. Awer net nëmmen dat. Mat der KI eleng geet et nämlech net onbedéngt duer, et brauch een och Fachleit, un déi ee sech als Betrib, dee weider kee Know-how an deem Beräich huet, ka wende fir gehollef ze kréien oder beroden ze ginn. Zil vum Projet ass et, dat alles op enger Plaz unzebidden, also e sougenannten Ekosystem opzebauen.

Net ouni en extreem performante Computer

Eng kënschtlech Intelligenz ass ëmmer nëmmen sou gutt wéi de Computer deen dohannert stécht. Besonnesch wann ee mat internationale KIen wéi ChatGPT mathale wëll. Zu Lëtzebuerg gëtt et schonn zënter 2020 e Supercomputer, de MeluXina. Deen ass awer net wierklech fir kënschtlech Intelligenz gemaach, an dofir soll elo en neie Supercomputer gebaut ginn, deen nëmme fir déi europäesch KI soll kënne benotzt ginn. 

Dee kritt dann den Numm MeluXina-KI. Dee MeluXina-KI ass ee vu 7 Supercomputeren, déi uechter Europa solle gebaut ginn an déi och matenee solle vernetzt ginn. Woubäi all Computer eng bestëmmt Spezialisatioun kritt, dee Lëtzebuerger zum Beispill am Beräich Space a Cybersecuritéit. Duerch d’Vernetzung kënnen awer och Entreprise vun anerwäerts vun där Spezialisatioun profitéieren, sou wéi d’Lëtzebuerger Firmen natierlech och déi speziell Capacitéite vun de 6 anere Supercomputeren an Europa kënnen unzapen.

Wat huet een hei dovun sou eng KI-Fabrik ze bauen?

Nieft där europäescher Dimensioun vun deem ganze Projet erwaart een sech natierlech en nationalen ekonomesche Benefice. Well Lëtzebuerg eent vun nëmme 7 Länner ass, an deenen sou e Computer soll gebaut ginn, sëtzen d’Entreprisen hei am Land ganz no un der Quell. Dat misst e Standuertvirdeel sinn, deen auslännesch Firme motivéiere kéint, heihinner ze kommen an hei ze investéieren. 

Och well een dann an der éischter Rei sëtzt wann et em den technologesche Fortschrëtt geet. De KI-Supercomputer wäert héichqualifizéiert Fachleit heihinner bréngen, wat erëm dozou féiert, datt déi technologesch Weiderentwécklung weider geet. Sou datt een herno zwee Effekter produzéiert: Éischtens stäerkt de KI-Computer déi national Entreprisen. Zweetens erméiglecht en dem Land et awer och ronderëm d’KI selwer ekonomesch Aktivitéit ze developpéieren.

Lauschterenplay_arrow