Radioen

On air

Moiesstudio  |  "Komm, hei gëtt et cool!"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat ass de Krich eppes Komesches"

Zäitzeie Roger Serres

"Wat ass de Krich eppes Komesches"

De 16. Dezember 1944 hunn déi Däitsch géint der Enn vum Zweete Weltkrich nach eng Attack op déi Alliéiert an der Belsch an am Norde vu Lëtzebuerg lancéiert. Déi sougenannten Ardennenoffensiv. Wéi hu Lëtzebuerger Zivilisten d’Ardennenoffensiv erlieft? De Jo Welfringer huet mam Zäitzeie Roger Serres doriwwer geschwat.

auto_stories

4 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De 24. Dezember 1944 huet de Roger Serres, e Bauerejong aus dem Éislek, deemools aacht Joer al, d'Ardennenoffensiv als Zivilist hautno materlieft. Nodeems seng Famill aus sengem Heemechtsduerf zu Wuelessen huet missten evakuéiert ginn, ass si schlussendlech awer iwwer Houschent um Heinenhaff zu Ettelbréck bei senger Tatta ënnerkomm.

Do war d'Lag awer och net sécher, well een net wäit vun der ëmkämpfter Baaschtnescher Strooss ewech war. Dem Roger Serres seng Famill huet nach probéiert, e Wee erauszefannen, mee et war néierens méi sécher an esou huet ee sech op eng Kéier op engem Won zesumme mat verwonnten däitschen Zaldoten tëscht de Fronten erëmfonnt.

"An ech hunn an Erënnerung, dee schreckleche Kaméidi, dat ass ee Kaméidi, dee kee Mënsch sech ka virstellen. Wa Granaten aschloen. Warscheinlech hunn déi Däitscher hei och mat Mortieren ofgeschoss a Gewehrkugele sinn hin an hier geflunn. A wann eng Gewehrkugele iwwer ee flitt, dat gëtt ee Knall, mee dat gëtt ee Knall, dee vill méi schlëmm ass, wéi dee Knall, deen een héiert, wann een ofschéisst, well do gëtt d'Loft duerchgerappt. D'Fransousen nennen dat e 'peckpong'. Déi hunn do eng Theorie. Dat mécht 'peckpong'. An dee 'peck', dee geet engem bis an d'Gehier. Dee Kaméidi, dee war fierchterlech."

"Morgen früh ist der Ami hier"

D'Famill war tëscht de Fronte gefaangen an huet sech missten, zesumme mat deene Verwonnten, Auserhéngerten a midden däitschen Zaldoten um Heinenhaff verschanzen. Déi hunn dem Roger Serres säi Papp dunn och gefrot, ob se sech iergendzwousch um Haff kéinte verstoppen. Well eppes wier kloer: "Morgen früh ist der Ami hier."

Si ware krichsmidd an deementspriechend war och hir Haltung zum Hitler an zum NS-Regimm, wéi de Roger Serres erzielt.

"D'Jongen hu schrecklech erausgesinn: Agefale Baken, bleech, Uniformen, zerrass, dreckeg. an engem lamentabelen Zoustand sinn déi Jongen do komm. A si haten alleguerten d'Flemm. Si hunn alleguerte gesot, schlecht iwwert den Hitler an d'Nazie geschwat. An ëffentlech, haart. Jiddwereen. Keen huet de Géigendeel gesot."

Net laang duerno hunn d'Amerikaner den Heinenhaff erreecht an déi däitsch Zaldoten ouni Widderstand als Krichsgefaangener matgeholl. Obwuel dat Schlëmmst eriwwer war, huet deen deemools aacht Joer ale Roger Serres awer nach misste materliewen, wéi een amerikaneschen Zaldot aus der Distanz nach um Haff an de Kapp geschoss krut an dorunner gestuerwen ass. De Krich ass senger Meenung no och eppes, wat einfach absurd ass.

"Ech hu mir awer esou dacks de Kapp zerbrach: Wat ass de Krich eppes Komesches. Do schéisst uewen am Bësch, deen ziilt engem anere jonke Mann an de Kapp. Hie mécht de Fanger kromm an da fält deen ëm. Dann ass deen dout. Si haten awer ni eppes mateneen. Et huet emol keen deen anere kannt. A wa si sech kannt hätten, da wiere si vläicht gutt Frënn ginn. Si hätten e Béier matenee gedronk."

Verbrannten Haiser, verzweifelt Elteren

Wéi fuerchtbar e Krich och ass, wat d'Leit oft net bedenken ass, wéi et dann onmëttelbar nom Krich ausgesäit. Wuelessen ass Enn Januar 1945 eréischt befreit ginn. De Roger Serres erzielt, wéi säi Papp mam Vëlo kuerz no der Befreiung no hirem Haus kucke war.

"Do sinn esou Rumeuren dorëmmer gaangen: Wiem säin Haus steet nach, wiem säin ass futti? A wéi mäi Papp erëmkommen ass, ech ka mech gutt erënneren, mat menger Mamm, datt si do immens gekrasch hunn. Eist war total verbrannt an zerschoss, an Dir musst Iech virstellen, e Bauer, deen huet jo nëmmen Akommes vun deem, wat e verkeeft, wat e produzéiert. Hien hat awer näischt. Dat war futti, verbrannt an hien ass heem komm an hien hat näischt."

Dat wier als Kand och eng vun deene schlëmmste Saachen um Krich gewiescht. Seng Eltere ware verzweifelt, mental um Enn an traureg ze gesinn, erzielt de Roger Serres weider.

Den 12. Februar 1945 gouf Lëtzebuerg dann endgülteg vun den Amerikaner befreit, nodeems och Veianen net méi an däitschen Hänn war.

Lauschterenplay_arrow