search

/ Wat ass däi léifst Libeslidd?

Community Playlist

|
headphones

1 min

Wat ass däi léifst Libeslidd?

Fakt ass: 100,7-Nolauschterinnen an Nolauschterer hunn dee beschte Museksgoût. Mir freeën eis op är Propose fir eis Community-Playlist vum Vältes-Weekend.

headphones

1 min

Wéi eng Lidder lauschters du, wann s du verléift bass? Wéi eng Lidder dierfen op kee Fall feelen, wann s du Päiperlécken am Bauch hues? Wéi eng Lidder suergen dofir, datt s du sech op eemol ganz anescht fills?

Passend zu Vältesdag stelle mir aus de Propose vun der 100,7-Community eng Playlist zesummen.  

Schreif eis op musek@100komma7.lu, oder iwwer WhatsApp op de 621 440044. Schéck eis gär och eng Sproochnoriicht! Mir freeën eis iwwer all Contributioun!

D'Community Playlist kanns du op Vältesdag um Site an an der App lauschteren, um Radio spille mir se e Sonndeg (15.2.) um 11 Auer.