Wann e Sonndeg Wale wieren, hätt d'CSV-DP-Regierung keng Majoritéit méi
Bei der leschter Ëmfro schonn hat déi schwaarz-blo Regierung nëmmen eng knapp Majoritéit. Der neier Sonndesfro vun ILRES, an Optrag vun RTL a Lëtzebuerger Wort, géifen CSV an DP keng Majoritéit méi zesummekréien, obwuel d'DP un Zoustëmmung gewanne géif.
Xavier Bettel a Luc Frieden beim Trounwiessel (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Berit Kessler)
Der neister Enquête no, géif d‘CSV par Rapport zu de leschte Wale vun 2023 sechs Sëtz verléieren a kéim nach op 15 Sëtz. Dat wieren der d‘selwecht vill wéi d‘DP, déi allerdéngs dofir ee Sëtz bäi kritt hätt.
Gréisste Gewënner wier d‘LSAP mat engem Plus vun dräi Sëtz.
Déi Gréng géifen zwee Sëtz méi kréien, grad ewéi d‘ADR.
D‘Pirate géifen zwee Sëtz verléieren an déi Lénk géif onverännert bleiwen.