Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel gräift Chan Yunis un - Humanitär Situatioun bereet weider Suergen

Aktuelles aus dem Noen Osten

Israel gräift Chan Yunis un - Humanitär Situatioun bereet weider Suergen

An Ägypten ginn d'Verhandlungen iwwer eng méiglech Waffepaus nach ëmmer virun. Iwwerdeems warnt d'UNO virun der katastrophaler humanitärer Situatioun. D'USA a Jordanien hunn zwar gëschter 38.000 Molzechten aus der Loft verdeelt, bal 2 Millioune Mënsche bréichten awer Hëllef. An an Israel gouf demonstréiert.

auto_stories

2 min

© dpa | Mohammed Talatene
(Foto: dpa | Mohammed Talatene)

Déi israeelesch Arméi huet hënt nei Attacke ronderëm d’Stad Chan Yunis an der Gazasträif gemaach. Dobäi wiere 50 Zieler vun der radikaler Hamas getraff an zerstéiert ginn, huet d’Arméi matgedeelt. E Freideg si bei engem Asaz iwwregens dräi israeelesch Zaldote gestuerwen, esou nach d’Arméi.

Waffepaus, jo oder nee?

Kontinuéierlech gëtt iwwerdeems iwwer eng Waffepaus an der Gazasträif verhandelt. Dat ass haut net anescht. Zu Kairo lafen haut weider Gespréicher, ënnert der Vermëttlung vum Katar an Ägypten. Den Haaptproblem wier d’Zäitlimitt fir eng méiglech Waffepaus, heescht et aus de Kulissen.

Den UNO-Weltsécherheetsrot fuerdert dann, datt direkt, séier, sécher an nohalteg humanitär Hëllef a groussem Moos fir d’Gazasträif erméiglecht an erliichtert gëtt. Israel misst d’Grenziwwergäng opmaachen, esou den Appell. Ziviliste misste geschützt ginn, seet den ieweschte Gremium vun de vereenten Natiounen, déi sech och besuergt weisen iwwert déi akut Ernierungssécherheet vun de Palestinenser.

Well d’Situatioun sech fir d’Palestinenser weider dramatesch zouspëtzt, kennt Hëllef aus der Luucht. Déi éischte Kéier hunn d’USA dat gëschter gemaach, zesumme mat Jordanien. Et waren ënner anerem 38.000 Molzechten. D’UNO Organisatioune weisen drop hin, datt dat net vill ass, bei 2 Millioune Mënschen, déi dringend op Hëllef ugewise sinn.

Demonstratiounen an Israel

An Israel selwer ware gëschter a verschiddenen Stied erëm dausenden Leit op de Stroossen. Dat an Demonstratioune géingt d’Regierung vum Premier Benjamin Nethanjahu. D’Demonstranten hunn Neiwale gefuerdert, an dem Nethanjahu virgeheit, Schold un der aktueller Situatioun ze sinn. Scho méi laang geheie Kritiker dem rietsen Nethanjahu fir, am Konflikt mat de Palestinenser säi politescht Iwwerliewen iwwert d’Interessen vum Land ze stellen.