Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bobby Hutcherson - Components

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wuel keen Iwwerliewenden nom Fligerongléck zu Washington D.C.

Ursaach weider onkloer

Wuel keen Iwwerliewenden nom Fligerongléck zu Washington D.C.

Et gëtt warscheinlech keen Iwwerliewende beim Fligercrash zu Washington. Dat sot de Chef vun de Pompjeeën. An der Nuecht war eng Maschinn vun American Airlines kuerz virun der Landung um Ronald Reagan Fluchhafen an der amerikanescher Haaptstad mat engem amerikanesche Militärhelikopter kollidéiert. Béid Maschinne sinn an de Floss Potomac gefall.

auto_stories

1 min

Leschten Update: 18:00

An Tëschenzäit wieren 28 Läichen aus dem Waasser gebuerge ginn. Am Passagéierfliger ware 64 Leit, am Militärhelikopter waren dräi Persounen.

Ënner de Passagéier am Fliger waren och eng Dosen Äiskonschtleefer, Traineren a Familljememberen. Dorënner och déi zwee russesch Ex-Weltmeeschter am Koppelaf, Schischkowa und Naumow, déi haut Trainer sinn. Si si vun engem Trainingscamp am Kansas zeréckkomm.

Den amerikanesche President Donald Trump huet den Owend elo op enger Pressekonferenz seng zwee demokratesch Virgänger Joe Biden a Barack Obama beschëllegt. Si hätten d‘Fluchsécherheet vernoléissegt. Dat wier fir si keng Prioritéit gewiescht. Anescht wéi fir hien, wou Sécherheet iwwer Allem stéing.