Radioen

On air

9 bis 1  |  Brittany Howard - What Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krisesommet zu Nairobi no Gewalteskalatioun an Demokratescher Republik Kongo

Op d'mannst 100 Leit ëm d'Liewe komm

Krisesommet zu Nairobi no Gewalteskalatioun an Demokratescher Republik Kongo

No der Gewalt-Eskalatioun an der Demokratescher Republik Kongo huet den US Ausseminister Marco Rubio en direkte Waffestëllstand gefuerdert. Dat an engem Telefonat mam ruandesche President Paul Kagame. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Steffen Trumpf
(Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf)

Ruanda ënnerstëtzt de Rebellemiliz M23. Déi kämpft zanter Jore géint déi kongoleesesch Regierungstruppe fir sech den Zougang zu Buedemschätz ze sécheren. 

D‘Miliz an déi ruandesch Truppe sinn an der Stad Goma am Oste vum Land virgeréckelt. Si kontrolléieren do elo de Flughafen an dee gréissten Deel vun der Stad vun iwwert enger Millioun Awunner:innen. 

Op d‘mannst 100 Leit wieren ëm d‘Liewe komm an Dausende blesséiert ginn, sou d‘UNO. Déi humanitär Lag an der Stad wier katastrophal. Et géif Berichter gi vu Vergewaltegungen. Honnertdausende Leit si virun der Gewalt fortgelaf. 

Fir eng Léisung vum Konflikt ze fannen ass haut e Krisesommet vun der afrikanescher Communautéit an der kenianescher Haaptstad Nairobi. De kongoleesesche President Félix Tshisekedi soll do säi ruandeschen Homolog Paul Kagame begéinen.