Den éischte Vol soll den 29. Oktober vum Findel aus fortfléien. Dës néi Verbindung géif esouwuel Touristen, ewéi och Geschäftsleit ze gutt kommen, schreift Lux-Airport.
Mat dësem Direkt-Fluch géifen och nei Destinatiounen an Asie fir d’Passagéier vum Findel opgoen – déi een dann am Uschloss vun Abu Dhabi huele kéint – zum Beispill an Thailand, Singapur oder Japan.
Am November zejoert hat d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gesot, datt si en Direkt-Vol an d’USA vum Findel aus begréisse géif.
Lux-Aiport huet op Nofro hi matgedeelt, datt si keen Afloss dorop hunn, wéi eng Volle vum Findel aus fort ginn. Eleng d’Fluggesellschafte géifen op Basis vun der Nofro decidéieren, ob si eng Destinatioun ufléien oder net.