Radioen

On air

Notturno  |  Jessy Lanza - Midnight Ontario

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vum 15. November bis de 15. Abrëll: Wanteraktioun um Findel

Gesellschaft

Vum 15. November bis de 15. Abrëll: Wanteraktioun um Findel

Vun haut, 15. November un a bis de 15. Abrëll, kréie Sans-abrien nees ee provisoreschen Ënnerdaach an der Wanteraktioun gebueden. 250 Better sti prett, fir datt déi Obdachlos déi kal Wanterméint kënnen iwwerbrécken. Mir ware virun zwee Deeg op de Findel kucken, wéi ee sech op déi fënnef Méint Wanteraktioun preparéiert.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

23 Professioneller aus dem soziale Secteur an 120 Fräiwëlleger si bis de 15. Abrëll am Asaz fir de Sans-abrien an der Noutstruktur e provisoreschen Ënnerdaach ze bidden. Koordinéiert gëtt d'Wanteraktioun vun der Dräieck ASBL, déi aus den dräi Partner Inter-Actions, Croix-Rouge an elo net méi der Caritas, mee HUT, besteet an Zesummenaarbecht mam Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.

23 Mataarbechter:innen, 120 Fräiwëlleger

An enger leschter Formatioun éier et lassgeet kommen nach e puer Wierder, déi motivéiere sollen, vum zoustännege Minister Max Hahn. Fir Verschiddener ass et den éischte Kontakt mat der Wanteraktioun, anerer ware schonn emol dobäi. Esou och d'Djenna. Déi geléiert Assistante sociale mécht dëst Joer d'Koordinatioun vum Nuetsfoyer.

"'Et ass ee grousse Besoin do, 't ass eng Aktioun, déi wichteg ass fir d’Leit. An et ass dat, wat mech motivéiert fir hinnen do ze hëllefen."

Och de Joao Martins ass fir d'zweete Kéier dobäi a këmmert sech dëse Wanter ëm d’Koordinatioun vun den Ekippen um Terrain. Duerch seng Aarbecht als Streetworker ass hien de Kontakt mat de Leit gewinnt. 

"Do gesi mer och an der Periode d'hiver, wann et wierklech kal ass, datt eben d’Leit wëllen een Ënnerdaach hunn." 

Nieft dem Personal vun der Dräieck-ASBL sinn och ronn 120 Fräiwëlleger déi nächst fënnef Méint am Asaz. An déi ginn och gebraucht.

250 Better ginn zäitweis net duer

Dräimol den Dag kréien Obachloser an der Wanteraktioun eppes ze iessen. All Dag ginn nei Kitte mat Hygiènesartikelen ausgedeelt. Och de sozialen a medezinesche Suivi gëtt assuréiert. 250 Better mussen no all Iwwernuechtung nees frësch opgezu ginn. A mat deenen 250 Better geet et zäitweis net duer, wéi de Minister Max Hahn erkläert. D'lescht Joer wier d'Capacitéit op 300 Better eropgesat ginn.

"An do donieft hu mer baussen nach Zelter d’lescht Joer missen installéieren, fir där grousser Demande nach kënnen nozekommen."

70 Prozent waren zejoert fir d'éischte Kéier an der Wanteraktioun

Am Ganzen hunn d'lescht Joer ronn 2.300 verschidde Beneficiairen an der Noutstruktur iwwernuecht. 1.600 Persounen, also bal 70 Prozent, ware fir eng éischte Kéier an der Wanteraktioun. Vill dovunner kéimen aus dem Ausland op Lëtzebuerg fir hei de Wanter ze verbréngen, erkläert de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. Et misst ee kucken, datt net op eemol "Tourismus" entsteet.

"Natierlech ass et méi einfach obdachlos hei zu Lëtzebuerg ze sinn, wéi an anere Länner. Dofir och dann déi nei Mesure, fir eben dofir ze suergen a sécherzestellen, datt mer och nach kënnen den obdachlose Mënsche vu Lëtzebuerg déi adequat Konditiounen zur Verfügung stellen."

Déi genannten nei Mesure, déi mam soziale Secteur ausgeschafft gouf, gesäit vir, datt "nach ëmmer wa Minustemperature riskéieren ze kommen, nach ëmmer inconditionnel sinn.", esou de Minister.

Leit, déi ganz nei zu Lëtzebuerg sinn, kënnen 3 Deeg iwwernuechten. Mat hinne gëtt och ee soziale Suivi gemaach a gekuckt, fir si nees zeréck ze transportéieren.

Net jidderee wëllt an d'Wanteraktioun

Net jiddereen, deen op der Strooss ass, schéngt sech ëm eng Schlofplaz an der Wanteraktioun ze streiden. De leschte Wanter hunn eng hallef Dosen Asyldemandeuren, déi op enger Waardelëscht stounge fir an enger Flüchtlingsstruktur ënnerzekommen, ënner der Bréck geschlof. An d'Wanteraktioun wollte si net. Als Grond dofir hu si schlecht Konditiounen an der Noutstruktur genannt. Dat ass jidderengem säi fräie Choix, seet dozou de Max Hahn.

De Käschtepunkt fir déi fënnef Méint Wanteraktioun läit dëst Joer iwwerdeems bei 2, 6 Milliounen Euro.

Lauschterenplay_arrow

Déi Responsabel vun der Dräieck ASBL hunn am Moies Magasinn weider Informatioune ginn

Lauschterenplay_arrow