Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budgetsprojet an eventuelle Mësstrauensvott: Villes hänkt vum RN of

Frankräich

Budgetsprojet an eventuelle Mësstrauensvott: Villes hänkt vum RN of

Zanter gëschter an nach bis en Donneschdeg kënnt de franséische Premier Michel Barnier mat den Oppositiounsparteien zesummen. Dat zu engem Zäitpunkt wou den ëmstriddene Budgetsprojet keng Majoritéit fënnt an d'Regierung sech wuel op e Mësstrauensvott astelle muss.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Villes hänkt elo vum rietsextreme Rassemblement National of. 

D'Marine Le Pen vum RN war gëschter Moien déi éischt Invitée am Matignon. Et war vläicht och déi Entrevue, déi fir d'Iwwerliewe vun der Regierung am wichtegsten ass. Sollt den RN nämlech mat der Lénksallianz Nouveau Front Populaire zesummen eng Motion de Censure stëmmen, da misst d'Regierung ofdanken.

RN nennt rout Linnen, déi net iwwerschratt dierfe ginn

Wéi d'Marine Le Pen gëschter no der Entrevue sot, hätt si mam Premier virun allem iwwer de Budget, d'Immigratioun an d'Agrikultur diskutéiert. Si hätt nach eemol d'rout Linne vun hirer Partei widderholl, sollten dës iwwerschratt ginn, wier ee bereet sech un engem Mësstrauensvott ze bedeelegen. Mat Bléck op de Budget, dee wéineg Chancen huet am Parlament gestëmmt ze ginn, sot d'Marine Le Pen, noutfalls géing de leschte Budget nees a Kraaft trieden, dee besser wier.

Hire Parteichef Jordan Bardella sot, wann d'Regierung esou géing weidermaachen, da géing se nach viru Chrëschtdag ofgesat ginn. 



LFI a Sozialisten: Notze vum Paragraf 49.3 heescht automatesch Mësstrauensvott 

No der Marine Le Pen war den Eric Ciotti vun der Union des Droites beim Barnier an huet och de Budget schaarf kritiséiert. Eng lescht Renconter war déi mat der Mathilde Panot vun der Lénkspartei La France Insoumise, déi nach eemol kloergemaach huet, dat d'Regierung de Budget net mam Paragraf 49.3 ouni Vott duerchboxen dierf. An deem Fall géing et zu enger Motion de Censure vun der Lénksallianz kommen.

Och de Sozialistechef Olivier Faure huet gëschter op franceinfo confirméiert, datt den 49.3 automatesch e Mësstrauensvott géing no sech zéien.

Lauschterenplay_arrow