Däitschland hat am Virfeld annoncéiert, sech ze enthalen. Et war bis virun Ufank vun der Reunioun och net kloer wéi Lëtzebuerg wéilt ofstëmmen.
D‘Lëtzebuerger Regierung wier dobäi hir Positioun ze finaliséieren, hat et gëscht op eis Nofro geheescht. Och haut war doriwwer net méi gewuer ze ginn.
D‘Gesetz soll dofir suergen, datt grouss Betriber an d‘Responsabilitéit geholl kënne ginn, wann si beispillsweis vu Verstéiss géint Mënscherechter an der Liwwerkette profitéieren.