An zwou Woche géif d‘Saison ufänken, an där gehëtzt muss ginn, an déi ukrainesch Infrastruktur wier duerch déi russesch Bombardementer zum groussen Deel zerstéiert. Souwuel d‘Waasser, wéi och d‘Stroumversuergung fale reegelméisseg aus. Et gëtt gefaart, datt déi Situatioun sech weider kéint verschlechteren.
Och Norwegen huet weider Hëllef vu 425 Milliounen Euro fir d‘Ukrain annoncéiert. Dës Sue sollen der ukrainesche Protection Civile ze gutt kommen, esou déi norwegesch Premierministerin Erna Solberg.