Déi westlech Rhetorik géif e reelle Risiko schafe fir en nukleare Konflikt.
Déi absolut Majoritéit vun de Russe géif de Krich an der Ukrain iwwerdeems ënnerstëtzen, war et eng weider Ausso vum Putin.
Russland géif kengem et erlaben sech a seng intern Ugeleeënheeten anzemëschen.
Gutt zwou Woche virun der Presidentewal huet de Wladimir Putin och grouss sozial Versprieche gemaach. Deemno sollt en neien nationalen Ënnerstëtzungsprogramm fir Familljen ageféiert ginn. Fir d‘Moderniséierung vum Gesondheetssystem wier eng Enveloppe vun ëmgerechent ronn 10 Milliarden Euro virgesinn.
Et gëllt als sécher, datt de Putin de 17. Mäerz erëm gewielt gëtt. D‘Oppositioun ass net zum Vott zougelooss. Hien ass zanter méi wéi 24 Joer a Russland un der Muecht.