Déi fréier UNO-Ambassadrice Nikki Haley bleift awer als eenzeg Konkurrentin vum Trump bei de Republikaner an der Course.
Bei den Demokraten ass d‘Kandidatur vum President Joe Biden esou gutt ewéi sécher. Bei de parteiinterne Virwalen huet hie keng wierklech Géigekandidaten.
D‘Ofstëmmungen a Michigan si besonnesch intressant well et sech ëm e sougenannte „Swing“ Staat handelt – dat heescht, ee vun de Staaten, wou de Gewënner net vu vir eran kloer ass, an deen decisiv fir den Ausgang vun der Presidentschaftswal ka sinn.