D’Nikki Haley huet bis elo nach keng vun de Virwale gewonnen, wéi laang si nach an der Course bleift ass onkloer.
Bei den Demokraten huet de President Joe Biden de Prognosen no am Staat Michigan gewonnen. Éischt Resultater deiten US Medien awer och drop hin, datt de Biden am Staat Michigan manner Ënnerstëtzung huet wéi an anere Staaten.
US-Medien erklären dat doduerch, datt a Michigan vill Amerikaner mat arabeschen Origine liewen, déi dem Biden seng Ënnerstëtzung vun Israel am Krich an der Gazasträif kritiséieren.
D‘Presidentschaftswalen an den USA sinn de 5. November. D‘Republikaner decidéieren hire Kandidat oder Kandidatin Mëtt Juli, an d‘Demokrate Mëtt August.