An der Haaptsaach Frankräich ass betraff vu vill Reen a vun Iwwerschwemmungen. De Stuerm Nils ass amgaange weider a Richtung Osten ze zéien. Dat, nodeems e schonn am Süde vu Frankräich vill Schied ugeriicht huet.
Frankräich nach ëmmer betraff
Et gëtt sech och Stuerm an der Corse erwaard. An de franséischen Alpen ass iwwerdeems mat intensivem Schnéi ze rechnen. An der Schistatioun vun Tignes gouf an der Nuecht op e Freideg mat bis zu 60 Zentimeter Schnéi gerechent, dat bei Wandvitesse vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn.
D'Populatioun war vu gëschter, Donneschdegowend 11 bis de Freidegmoie confinéiert. D'Leit hunn deemno wärend der Zäit missen doheem bleiwen.