arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Nathalie Baye ass dout – déi franséisch Actrice ass mat 77 Joer gestuerwen

Franséische Kino

|
reading time

1 min

D’Nathalie Baye ass dout – déi franséisch Actrice ass mat 77 Joer gestuerwen

Déi franséisch Schauspillerin huet a Filmer vum François Truffaut a vun ënner anerem dem Claude Chabrol an dem Steven Spielberg matgespillt.

reading time

1 min

D'Nathalie Baye beim Seminci International Film Festival Valladolid 2023 | © EPA/NACHO GALLEGO
D'Nathalie Baye beim Seminci International Film Festival Valladolid 2023 (Foto: EPA/NACHO GALLEGO)

D’Nathalie Baye ass um Freidegowend bei sech doheem un enger neurodegenerativer Krankheet gestuerwen.

Dat huet hir Famill der Agence AFP matgedeelt.

Reaktiounen op den Doud vun der Nathalie Baye

"De Truffaut à Godard, de Daniel Vigne à Spielberg, Nathalie a été l'actrice française type, la bonne copine. Comédienne aimée de tous, elle jouait, elle vivait", esou huet de fréiere President vum Filmfestival zu Cannes, de Gilles Jacob reagéiert.

"Nous aimions tant Nathalie Baye. Elle a accompagné par sa voix, ses sourires et sa pudeur ces dernières décennies du cinéma français, de François Truffaut à Tonie Marshall", esou d’Reaktioun um Samschdeg vum franséische President Emmanuel Macron.

Déi franséisch Kulturministerin Catherine Pégard huet vum Verschwanne vun enger "immense actrice" geschwat. "Elle laisse derrière elle un vide dans le coeur de tous les cinéphiles du monde, mais nous lègue un héritage précieux: une filmographie sans équivalent", esou d’Ministerin.