arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et Dieu créa la femme"-Star Brigitte Bardot ass dout

Am Alter vun 91 Joer

|
headphones

4 min

"Et Dieu créa la femme"-Star Brigitte Bardot ass dout

Laang blond Hoer, e sënnleche Mond, blo Aen, mat schwaarzem Eyeliner an d’Zeen gesat, vill Broscht an eng Dramfigur: Mat deenen Atoute gouf d’Brigitte Bardot - d’"BB" wéi si och genannt gouf - zu engem vun de grousse Sexsymboler vum 20. Joerhonnert. Elo ass si am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

headphones

4 min

D'Brigitte Bardot am Film "La vérité" am Joer 1960. | © picture alliance / ROPI | Fotogramma
D'Brigitte Bardot am Film "La vérité" am Joer 1960. (Foto: picture alliance / ROPI | Fotogramma)

D'Brigitte Bardot huet déi Roll och gespillt, Feminismus war ni hiert Theema. No iwwert 45 Filmer a méi ewéi 60 Lidder huet si Ufank vun de 70er Joren e Schlussstréch ënnert hir Karriär gezunn. Zënter den 80er Joren huet si sech massiv fir den Déiereschutz agesat.

Si ass awer an och d’Schlagzeile gerode fir deelweis rietsextrem politesch an auslännerfeindlech Positiounen.

D'Gebuertsstonn vun der BB

A 95 Minutte war si e Weltstar. Esou laang dauert nämlech de Film “Et Dieu créa la femme” vun 1956.

D’Bardot war Ufank 20. Am Film huet si d’Juliette gespillt: e Weesekand, wat zu Saint Tropez vu strengen Adoptivelteren erzu gëtt. D’Juliette awer wëllt danzen, flirten an einfach liewen. Am Film sinn dräi Männer sengem Charme erleeën. 

Et war eng aner Zäit a fir déi Zäit war de Film extrem fräizügeg. Mee d'BB war gebuer an domat huet och den Hype ëm Saint-Tropez ugefaangen, wat bis dohinner just e klengt Fëscherduerf un der Côte d’Azur war.

Eng klassesch Formatioun

Virun deem Film hat d’Bardot schonn 10 anerer gedréit, déi awer fir manner Opreegung gesuergt haten. Hir Mamm hat si an de Showbusiness gedréckt. Si hat derfir gesuergt, datt d’Bardot als jonkt Meedche schonn eng Partie Modelljobs kritt hat.

D'Bardot hat iwwregens eng Ausbildung am klassesche Ballet um Paräisser Conservatoire. 

Vadim, Trintignant, Bécaud, Distel, Delon 

Virun der Kamera an och hannendrun huet dat jonkt Brigitte Bardot déi Zäit hiren Image als Séductrice gefleegt.

Mat 15 hat si de Regisseur Roger Vadim kennegeléiert. Si hu sech bestuet a mat him huet si de Film “Et Dieu créa la femme” gedréit. Um Set huet si dunn de Jean-Louis Trintignant getraff. Si hunn eng passionéiert Affär ugefaangen.

D’Bardot hat dono Relatioune mam “who is who” vum deemolege franséische Showbusiness: Samy Frey, Sascha Distel, Gilbert Bécaud oder och nach Alain Delon. 

Hieren zweete Mann awer gouf den Acteur Jacques Charrier. No zwou Ofdreiwunge gouf si 1960 Mamm. D’Gebuert vun hirem Bouf Nicolas wier en Albdram gewiescht, huet si an hire Memoirë verroden. Wéi hir d’Kand op de Bauch geluecht gouf, hätt si et ewechgestouss.

Si hätt léiwer e klengen Hond kritt, sot si.

Je t’aime moi non plus

D’Bardot war och mam Serge Gainsbourg liéiert. Hien huet hir de legendären “Je t’aime moi non plus” geschriwwen. Béid haten d’Lidd 1967 och opgeholl. Et gouf eemol op Europe 1 diffuséiert.

Do war d'Bardot awer scho mam däitsche Geschäftsmann a Playboy Gunter Sachs bestuet. Hien ass Stuerm géint d’Lidd gelaf an huet d’Publikatioun gestoppt. De Gainsbourg huet et nei mat der Jane Birkin agesongen: de Rescht ass Geschicht.

1986 eréischt huet d'Bardot de Feu vert ginn, fir d'Publikatioun vun hirer Versioun. De Welthit awer war fir eng aner Damm.

D’Bardot huet eng 60 Lidder enregistréiert, zwee weider Hits koume vum Gainsbourg, nämlech “Bonnie and Clyde” an “Harley Davidson”. Si huet dernieft a 45 Filmer gespillt, ënner anerem 1965 an “Viva Maria” vum Louis Malle oder 1963 “Le mépris vum Jean-Luc Godard.

Fini! De Schlussstréch vun der BB

1973 huet d’Bardot sech du radikal aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn an déi entretemps legendäre Villa “La Madrague” zu Saint-Tropez. Et gouf hir alles ze vill.

Si huet sech fir den Déiereschutz agesat an d’”Fondation Brigitte Bardot” gegrënnt. Am Ufank war et d’Fuerderung no engem Konsumverbuet fir Päerdsfleesch. Si huet och vehement géint d’Juegd op Robben, géint Déiereversich a grausam Schluechtmethode plädéiert.

Rietsextrem Iddien

An deem Kontext huet si och géint d'Schächte gekämpft. An engem Otemzuch huet si domat och géint d’Immigratioun vu Mosleme plädéiert an zur Wal vum Front national, dem haitege Rassemblement national, opgeruff.

Hier riets Iddien hunn 2003 am Buch “Un cri dans le silence” schockéiert. Hei huet d’Bardot, ouni e Blat virun de Mond ze huelen, erëm géint Mosleme gewiedert, mee ënner anerem och Chômeuren, Transvestitten an d’Gay Pride attackéiert.

Zënter 1992 a bis zu hirem Doud war si iwweregens mam Bernard d’Ormale bestuet. Dee war déi Zäit Conseiller vum Jean-Marie Le Pen.

Am Laf vun hirer Karriär huet d’Bild vun der Bardot sech an der Ëffentlechkeet staark gewandelt. War si am Ufank de "blonde séisse Männerdram", esou gouf si méi a méi an de Medien als "déi knaddereg Al" duergestallt, iwwer där hir Aussoen dacks de Kapp gerëselt gouf.