arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'éischte Kéier an iwwer 50 Joer: BD Festival vun Angoulême fënnt net statt

Frankräich

|
headphones

1 min

Fir d'éischte Kéier an iwwer 50 Joer: BD Festival vun Angoulême fënnt net statt

De BD-Festival vun Angoulême vun nächstem Joer ass ofgesot. Dat hunn d‘Affekote vun den Organisateuren 9ième Art PLUS matgedeelt. De Festival hätt sollen Enn Januar 2026 sinn.

headphones

1 min

BD Festival vun Angoulême | © EPA/CAROLINE BLUMBERG
BD Festival vun Angoulême (Foto: EPA/CAROLINE BLUMBERG)

Wéinst dem Boykott vu Säite vun Auteuren an dem Réckzoch vun de Verläg wäert de BD-Festival net stattfannen. Si kritiséiere scho méi laang, datt de Festival ëmmer méi kommerzialiséiert an datt et net genuch Transparenz géif ginn.

Dobäi kéim, datt d‘Organisateure vum Festival eng Fra sollen entlooss hunn, déi 2024 eng Plainte gemaach hat wéinst Vergewaltegung an der Géigend vum Festival. 

Et ass déi éischte Kéier zënter der Grënnung 1974 datt de Festival zu Angoulême net stattfënnt.