Hannergrond sinn Aussoe vum franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot. Hien huet dem Panahi säi Präis als "Geste vun der Resistenz géint d'Ënnerdréckung duerch den iranesche Regimm" bezeechent. Déi iranesch Noriichtenagence huet dat beleidegend an onbegrënnt genannt.
Dem Panahi säi Film "Un simple accident", mat deem hien d'Palme d'Or gewonnen huet, ass eng Lëtzebuerger Koproduktioun. Am Film, deen heemlech am Iran gedréint gouf, geet et ëm e fréiere politesche Prisonéier.