arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich leet neie Projet fir Social Media-Verbuet fir Jonker vir

Ëmstriddent Gesetz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Frankräich leet neie Projet fir Social Media-Verbuet fir Jonker vir

Virun engem Mount hat de franséische Conseil Constitutionnel der Regierung hiert Social Media-Verbuet fir Jonker ënner 15 Joer gekippt, well dëst d’Riedefräiheet vun de Jonken ze vill ageschränkt hätt an ze staark an d’Privatsphär géing agräifen. Elo huet Frankräich eng nei Versioun virgeluecht.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/FAZRY ISMAIL
(Foto: EPA/FAZRY ISMAIL)

"Mir bleiwen drun" - Mat dëse Wierder huet de President Emmanuel Macron sech op der Plattform X zu Wuert gemellt an annoncéiert, datt een der EU haut eng nei Versioun vum Gesetzestext presentéiert hätt. Dat nodeems de franséische President säi Premier beoptraagt hat e Kompromëss ze fannen, dee souwuel mat der franséischer Verfassung wéi och mam europäesche Recht am Aklang ass. 

Dëst wier elo no engem riguréisen techneschen Aarbechtsprozess de Fall, esou de Macron. D’Haaptkritik vum Conseil Constitutionnel war, datt d’Verbuet ze vage an den Definitiounen an deemno ze ëmfangräich war an och Säiten a Messenger-Déngschter wéi Youtube oder Whatsapp betraff hätt. 

Sollen Ausname ginn

Wéi franséisch Medie mellen, hätt d’Regierung elo e méi klore Fokus op verschidde schiedlech an addiktiv Funktioune wéi Autoplay oder masseweis Notifikatioune geluecht an esou d’Social Media-Plattforme méi genee cibléiert. Et sollen och Ausname fir Jonker tëschent 13 a 15 Joer ginn, wann d’Elteren zoustëmmen. 

Frankräich fuerdert en EU-Gesetz

Den Emmanuel Macron huet och betount, datt Europa elo séier misst handelen an en EU-wäit Verbuet op de Wee soll bréngen. E puer Stonne méi spéit huet d’EU-Kommissioun annoncéiert, datt d’Presidentin Ursula von der Leyen nach dës Woch e Gesetzesprojet heizou wäert presentéieren. 

Fir den Emmanuel Macron ass d’Verbuet e Kärprojet vu senger zweeter Amtszäit, déi éischter vu Mësserfolleger a Chaos gepräägt ass. Dofir wëll hien, datt d’Verbuet a Kraaft trëtt, éier hien am Mee säin Amt wäert verloossen.

play_arrow Lauschteren