Hors d'Haleine
De Film vum Eric Lamhène gouf als beschte Lëtzebuerger Film priméiert. Et ass een Drama ëm eng Fra, déi sech zesumme mat aneren Affer vun haislecher Gewalt lues a lues psychesch opbaut.
Fir de Michel Delage handelt et sech ëm ee klassesche Sozialdrama, deen awer immens Qualitéit opweisen huet. De Film gouf och wéinst sengem Dréibuch ausgezeechent.
Läif a Séil
De Western vum Loïc Tanson ass a sengem Genre éischter rar zu Lëtzebuerg. Als Favorit huet de Film zwar net den Haaptpräisser, mee déi meeschte mat véier Präisser gewonnen. Ausgezeechent gouf ënner anerem déi schauspilleresch Leeschtung vun der Sophie Mousel an dem Timo Wagner.
De Produzent Samsa Film huet souwuel "Hors d'haleine" wéi och "Läif a Séil" produzéiert an ass domat den eigentleche Gewënner vum Filmpräis, seet de Michel Delage.
D’Belounung fir déi bescht Co-Produktioun geet un "All we imagine as light" vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia. Beschte co-produzéierten Animatiounsfilm ass "Stitch Head" (Bitzbouf) vum Duo Steve Hudson-Toby Genkel.
Fir de Michel Delage goufe mat de Filmpräisser wuel déi bescht Filmer belount. Dat huet hien och um Mikro vum Maurice Molitor erkläert, lauschtert hei dat ganzt Gespréich.