arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spritpräisser: Franséisch Regierung annoncéiert Finanzhëllef vun 20 Cent de Liter

Frankräich

|
reading time

1 min

Spritpräisser: Franséisch Regierung annoncéiert Finanzhëllef vun 20 Cent de Liter

Déi franséisch Regierung huet eng nei cibléiert staatlech Subventioun vun den aktuell héije Spritpräisser annoncéiert. Ronn 3 Millioune sougenannt "grands rouleurs" kréien eng Hëllef vun 20 Cent de Liter wärend dräi Méint. Dat huet de franséische Premier Sebastien Lecornu gëschter Owend ugekënnegt.

reading time

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Bei de "grands rouleurs“ géif et sech ëm Leit mat modestem Akommes handelen, déi op en Auto ugewise sinn, fir schaffen ze goen. Fir déi nei Hëllef ze kréie mussen si op d‘mannst 15 Kilometer vun hirer Aarbechtsplaz ewech wunnen an hiert Akommes muss ënner dem Medianloun leien. 

Finanzhëllef fir Taxischaufferen

An den nächsten Deeg géif een och Verhandlunge fir Hëllefe fir Taxischauffere féieren, well déi besonnesch betraff wieren. An och d‘Hëllefe fir Fëscher a Bauere sollen den nächste Mount nees verstäerkt ageféiert ginn, dat misst awer nach mat der EU-Kommissioun gekläert ginn, esou nach de franséische Premier Sébastien Lecornu.