Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Leit op der marche féministe de Samschdeg an der Stad

"Solidarité avec les femmes du monde entier"

Vill Leit op der marche féministe de Samschdeg an der Stad

Eng Rei Organisatiounen déi sech mat Fraerechter befaassen an déi an der Plattform Fraestreik zesummen agéieren, haten den Opruff gemaach, sech der marche féministe unzeschléissen. Een Organisateur huet gemengt et wieren 3.000 Persounen ënnerwee gewiescht. Aner Sourcë schwätze vu bis zu 5.000 Leit.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Marche féministe 2025 | © Carole Schimmer play_arrow
Marche féministe 2025 (Foto: Carole Schimmer)

De Cortège vun der marche féministe huet sech vun der Paräisser Plaz bis an d‘Uewerstad gezunn, dat gutt Wieder huet sécherlech gehollef, mee och déi international Situatioun, déi besonnesch fir vill Fraen eng Gefor duerstellen, Kricher, Diktaturen, déi sexuell Gewalt déi als Krichswaff agesat gëtt, op der marche féministe gouf un all d’Fraen op der Welt geduecht.

An der Ënneschtgaass, gouf et du méi bonnt virun, mauven a rosaen Damp huet d’Loft gefëllt, mee d’Ambiance war extra friddlech. Ënnert de Participante waren net nëmme Fraen, mee och Männer.

Op verschidde Pancarten huet een och kloer Messagën drop gehat: "We can do it, stop genocide, Fraerechter si Mënscherechter, oder nach men of quality don’t fear equality, Recht op Ofdreiwung duerch d’Verfassung schützen“, jee d’Lëscht vun de Messagen un d’Politik an un d’Gesellschaft ass nach ëmmer ganz laang.

Lauschterenplay_arrow