Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Video iwwer dem Léon Gloden säin Alldag gouf net mat ëffentleche Sue bezuelt

Äntwert vum Luc Frieden

Video iwwer dem Léon Gloden säin Alldag gouf net mat ëffentleche Sue bezuelt

E Video iwwer den Alldag vum CSV-Inneminister Léon Gloden wier net mat ëffentleche Suen aus dem Budget vum Inneministère oder engem anere Ministère bezuelt ginn. Dat äntwert de Premier Luc Frieden op parlamentaresch Froe vun der DP an de Gréngen.

auto_stories

1 min

Foto: Screenshot aus dem Video

De Premier seet och: Et wier üblech, datt Politiker a Politikerinnen esou Videoen op sozialen Netzwierker publizéieren, fir hir Aarbecht am Alldag ze illustréieren.

An hire parlamentaresche Froen haten d‘Deputéiert Corinne Cahen a Guy Arendt vun der DP a Meris Sehovic vun déi gréng bemierkt, de Video wier eng Selbstduerstellung vum Minister ouni Informatiounen zu senger Politik, si wollte wësse wat den Zweck vun deem Video wier, an ob e mat staatleche Sue bezuelt gouf.