Doropshin hätt d'ITM an iwwer 200 Fäll en Aarbechtsstopp ordonéiert a Geldstrofe verhaangen. Dat an enger Héicht vun am Ganzen iwwer 1,2 Milliounen Euro. Am Joer 2023 sinn och 6 Mënsche wéinst illegaler Arees hei zu Lëtzebuerg verurteelt ginn. 3 Persounen hate Prisongsstrofe mat Sursis kritt an 3 waren zu 6 Méint bis 2 Joer feste Prisong verurteelt ginn. Do kéinten awer nach aner Strofdote matgespillt hunn. Da sinn och 3 Entreprisen a 5 Persoune verurteelt ginn, déi Leit beschäftegt hunn, déi zwar eng Openthaltsgeneemegung, awer keng Aarbechtserlabnis haten.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Keng Openthalts- oder Aarbechtsgeneemegung: ITM stellt 283 Verstéiss fest
Kontroll
Keng Openthalts- oder Aarbechtsgeneemegung: ITM stellt 283 Verstéiss fest
2023 huet d‘ITM bei Kontrollen 283 Salariéen ugetraff – Net-EU-Bierger – déi entweder keng Openthaltsgeneemegung oder keng Aarbechtsgeneemegung haten. Dat äntwert d‘Justizministerin Elisabeth Margue op eng question parlamentaire vun der ADR.
auto_stories
1 min
![ITM Inspection du travail et des mines | © Serge Kesseler ITM Inspection du travail et des mines | © Serge Kesseler](/1_Foto/100komma7.lu/152333/image-thumb__152333__base_thumbnail/ITM%20Inspection%20du%20travail%20et%20des%20mines.cacd5318.jpg)
ITM Inspection du travail et des mines (Foto: Serge Kesseler)