Radioen

On air

Notturno  |  Nathan Bartell - Top Going Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Finanzbedruch: Verwaltungsrot vun der Caritas setzt e Krisecomité an

100,7-Informatiounen no

No Finanzbedruch: Verwaltungsrot vun der Caritas setzt e Krisecomité an

De Verwaltungsrot vun der Caritas Lëtzebuerg huet e Krisecomité en place gesat, néng Deeg nodeems ëffentlech gouf, datt der ONG iwwer 60 Milliounen Euro geklaut goufen. Dat krut d'Personal matgedeelt.

auto_stories

2 min

Caritas | © Wikimedia Commons

De Premier Luc Frieden hätt gesot, datt et wichteg wier, d'Aktivitéiten an d'Aarbechtsplazen ze erhalen, heescht et an dëser interner Kommunikatioun. Mat dem Asetze vun engem Krisecomité wëll de Caritas-Verwaltungsrot deem gerecht ginn. 

Externen Administrateur

De Krisecomité géif vum Christian Billon presidéiert ginn, dee fir seng professionell Erfarung am Finanz- a Sozialsecteur bekannt wier, schreift d'Caritas an der interner Kommunikatioun, déi eis bekannt ass. Et wier wichteg, datt eng extern Persoun, déi onofhängeg vum Verwaltungsrot ass, d'Gouvernance vun der Fondatioun Caritas an der ASBL Caritas Accueil et Solidarité kéint superviséieren. 

De Krisecomité kéint déi néideg Decisiounen huele fir d'Vertraue vun den Donateuren an dem Public an d'Caritas ze retabléieren, schreift de Verwaltungsrot. Am Krisecomité sinn: 

  • Christian Billon
  • Marie-Josée Jacobs
  • Marc Hengen
  • Nathalie Frisch
  • Philippe Sylvestre

De Verwaltungsrot huet d'Gesellschaft PricewaterhouseCoopers mandatéiert fir de Krisecomité ze ënnerstëtzen.

Salairë goufe bezuelt

De Conseil hätt den Uerder ginn, d'Salairë vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg an der ASBL Caritas Accueil et Solidarité am Laf vu leschter Woch ze bezuelen. Leit, déi de Salaire nach net kritt hätten, sollte wëssen, datt d'Viremente gemaach goufen an d'Suen an den nächsten Deeg um Kont wäerten ukommen.

Enquête leeft weider

D'Caritas ass zënter zwou Wochen am Krisemodus. Mëtt Juli gouf entdeckt, datt vu Februar bis Juli iwwer 60 Milliounen Euro vu Caritas-Konten op spuenesch Konten iwwerwise goufen. Dobäi gouf virgetäuscht, datt et sech em Konte vun internationale Partner vun der Caritas handelt. D'Caritas huet de 16. Juli eng Plainte géint eng gutt placéiert Mataarbechterin vun der ONG gemaach. Déi Persoun huet sech virun enger gudder Woch der Lëtzebuerger Police gestallt. Si gouf inculpéiert an ass am Hausarrest.