Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmweltverschmotzung vu Minett-Kompost: Kuerzfristeg Léisung net a Siicht

Waassserverwaltung AGE confirméiert

Ëmweltverschmotzung vu Minett-Kompost: Kuerzfristeg Léisung net a Siicht

D’Waasserverwaltung AGE confirméiert op eis Nofro hin, datt de Syndicat Minett-Kompost ouni Autorisatioun staark belaascht Ofwaasser an de Monnerecher Ofwaasserkanal an an d’Kläranlag vum Syndikat SIVEC zu Schëffleng lafe gelooss huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’lescht Woch haten déi respektiv Presidente vun de betraffene Syndikater Paul Weimerskirch a Jeannot Fürpass hei um 100,7 déi Non-Konformitéit schonn agestanen.

Den Ofwaassersyndikat SIVEC wäert dowéinst den 20 Gemenge vu Minett-Kompost all Joers eng pro-rata Rechnung iwwer 1,4 Milliounen Euro ausstellen. Bis elo hat Minett-Kompost fir d’Klärung vu sengem Prozesswaasser nämlech näischt bezuelt. Just d’Toilettë vun der Anlag waren offiziell erfaasst.

Kuerzfristeg Léisung gëtt et net

Wéi d’Waasserverwaltung op Nofro hi confirméiert hätt d’Anlag vum Minett-Kompost laut Waassergesetz keng Autorisatioun fir dat Waasser an d’Kläranlag lafen ze loossen. Als Industriebetrib, als deen de Minettkompost agestuuft ass, wäert deen och ni kënnen eng Autorisatioun dofir kréien, schreift d’AGE.

Et ass also op deem Niveau, wou sech Minett-Kompost muss konform setzen, zum Beispill duerch Stockéiere vum Ofwaasser um eegnen Terrain oder awer duerch den Asaz vum Ofwaasser als Dünger an der Landwirtschaft. D’AGE begleet de Syndicat bei der sich no enger Léisung. Déi dierft et kuerzfristeg awer wuel net ginn.

Ëmweltverschmotzung net direkt verëffentlecht

Datt d’Monnerecher Anlag vu Minett-Kompost net konform wier ass 2023 opgefall, wéi eng Autorisatioun fir en Ausbau ugefrot gouf. Miessungen hunn erginn, datt d’Anlag staark belaascht Ofwaasser ofléisst, vergläichbar mat enger Stad vun 20.000 bis 55.000 Awunner. Zäitweis hätt dëst Ofwaasser d’Haaptcharge vun der SIVEC Kläranlag zu Schëffleng ausgemaach. Parallel gouf festgestallt, datt d’Ofwaasser zu Féiz an e Reebaseng gelaf ass a vun do aus an d’Kiermelbaach, déi dobäi verschmotzt gouf. 

D’AGE huet déi Ëmweltverknaschtung och net vu sech aus verëffentlecht, mee eréischt op eis Nofro hin. Aktuell bezilt Minett-Kompost zwar seng Ofwaasserchargen. Eng Autorisatioun fir dëst Waasser oflafen ze loosse besteet trotzdeem de facto net.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt