Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vereent Natiounen hunn international Hëllefs-Aktiounen an d'Weeër geleet

Iwwerschwemmungen a Libyen

Vereent Natiounen hunn international Hëllefs-Aktiounen an d'Weeër geleet

De Bilan vun den Iwwerschwemmungen a Libyen bleift weider onkloer. D’Rettungsdéngschter op der Plaz schwätze vun 2.300 Mënschen, déi ëm d’Liewe komm sinn, wärend eng vun den zwou Regierungen a Libyen vun iwwer 5.300 Doudesaffer schwätzen. Eng 10.000 Leit géife vermësst ginn, esou d’Internationalt Rout Kräiz. 

auto_stories

1 min

Iwwerschwemmungen a Libyen | © Regierung vu Libyen
Iwwerschwemmungen a Libyen (Foto: Regierung vu Libyen)

Op d‘mannst 30.000 Mënsche sollen evakuéiert gi sinn, mellt d‘Migratiounsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen.
Besonnesch vill Doudesaffer soll et an der Hafe-Stad Darna ginn. Do sinn zwee Staudämm gebrach an eng grouss Flutwell huet vill Leit matgerappt.

Experten no sinn dës Onwiederen eng kloer Konsequenz vum Klimawandel. D‘Iwwerschwemmungen hätten awer och vill mat der politescher Situatioun a Libyen ze dinn. Jore laang wier net genuch an d‘Infrastruktur vun de Staudämm investéiert ginn.

Plazeweis 414 Liter Reen de Quadratmeter

De Stuerm "Daniel", dee schonn a Griicheland Zerstéierungen hannerlooss huet, ass schonn zanter e puer Deeg an Europa ënnerwee. Am Mëttelmier huet en sech dann nach eemol intensivéiert an ass zu enger Zort „Medicane“ ginn – dat ass ee Mëttelmier-Stuerm, deen Ähnlechkeete mat engem tropesche Wierbelstuerm huet.

Meteorologe schwätze vu plazeweis 414 Liter Reen de Quadratmeter, déi e Sonndeg a Libyen gefall solle sinn. Dat ass ongeféier dräi mol esou vill Waasser wéi d'Héichwaasserkatastrof am Arthal vu virun zwee Joer.

D’Vereenten Natiounen hunn eng international humanitär Hëllefs-Aktioun an d’Weeër geleet. Am Iwwerschwemmungsgebitt ass och schonn Hëllef ukomm, ënnert anerem aus Ägypten. Mee d’Rettungsefforte si schwiereg, et gëtt e Biergerkrich an d’Land ass an zwou Regierunge gedeelt.