Radioen

On air

Notturno  |  Jitz Jeitz Quartet - 22 March 2012

play_arrow Live
search

/ Verdeedegungsaccord tëscht Nordkorea a Russland ass a Kraaft getrueden

International

Verdeedegungsaccord tëscht Nordkorea a Russland ass a Kraaft getrueden

De Verdeedegungsaccord tëscht Nordkorea a Russland, dee schonn am Juni ënnerschriwwe gouf, ass elo a Kraaft getrueden. Wéi d’nordkoreanesch Noriichtenagence KCNA mellt, hu béid Säiten hir Certificaten ausgetosch. 

auto_stories

1 min

© Vitalii Vodolazskyi / Adobe Stock
Foto: Vitalii Vodolazskyi / Adobe Stock

D’Ofkommes gesäit vir, datt béid Länner sech am Fall vun engem Ugrëff géigesäiteg direkt militäresch hëllefen.

Zousätzlech verflichte sech Russland an Nordkorea, géint westlech Sanktiounen zesummenzeschaffen an hir Positioune bei de Vereenten Natiounen ze koordinéieren.

Den Accord gouf am Juni wärend engem Besuch vum russesche President Putin zu Pjöngjang ënnerschriwwen an am November vu béide Länner ratifizéiert.