D'Bréifdréieschgewerkschaft hat gëschter um Mëttwochowend hiren Nationalkongress. Si ass eng vun 8 Ënnerorganisatioune vum Post-Syndikat a vertrëtt ëm déi 800 Leit. De Post-Syndikat am ganze vertrëtt ronn 2.000 Leit.
Manner Personalengpäss
Onerwäänt um Kongress sinn d’Personalengpäss bliwwen. Eppes, wat de Raymond Juchem a sengem leschten 100,7-Interview nach ugeschwat hat. Rieds goung beispillsweis vun Duebel-Tournéeën, déi d’Bréifdréier misste maachen. De Raymond Juchem seet, datt dës Problemer nach ëmmer net ganz vum Dësch sinn, mee datt d’Situatioun sech verbessert hätt.
“Wann een dann d'Chance kritt, fir op de Radio schwätzen ze kommen, dann huet dat manifestement och eng Wierkung bei der Direktioun. An op deene ville Messagen, déi mir am Radio ginn hunn, ass effektiv bei der Personalproblematik eppes gemaach ginn. An do si mir haut gutt, mee awer mat Sécherheetheet ass nach Verbesserungspotential.”
Duebel-Tournéeë kéimen nach ëmmer vir, awer bäi wäitem net esou dacks, wéi dat soss emol de Fall war, esou de Raymond Juchem.
De Beruff soll net ofgeschaaft ginn
Wéineg gesot gouf och iwwer d'Zukunft vun engem Beruff, deen an anere Länner um Punkt ass, ofgeschaaft ze ginn. An Dänemark gi geschwë guer keng Bréiwer méi zougestallt. De President vun der Bréifdréieschgewerkschaft weess, datt d’Gewerkschaften op deem Punkt "wachsam" musse sinn.
Zu Lëtzebuerg géif een déi selwecht Tendenzen observéieren, wéi am Recht vun Europa. De Courrier geet zeréck, mee, esou de Raymond Juchen, net esou staark wéi an anere Länner. "Ech war viru Joren an Dänemark, an do war du schonn net méi vill Courrier do”, erkläert de Raymond Juchem. Hei am Land géif ee ganz op d’Logistik a Päck setzen.
“Hei ass eng Direktioun, déi geet voll op déi Schinn Päck, respektiv Logistik, an do wäert an Zukunft dat meeschte Potenzial sinn. An et ass un der Post ze kucken, datt se genuch Volume kréien, fir de Reseau vun de Bréifdréier um lafen ze halen. A mat all deenen Diskussiounen, wou ech reegelméisseg féieren, ass et momentan keng Diskussioun, datt d’Bréifdréier sollen ofgeschaaft ginn.”
Attacke géint d'Patronat
Fir de Recht war d’Ried vum Raymond Juchem um Nationalkongress éischter opgelueden. Eng Reaktioun op rezent Aussoe vum Patronat, wéi hien am 100,7-Interview erkläert.
“Ech sinn um Enn vu mengem Mandat an éierlech gesot hunn ech mëttlerweil de ras-de-bol wann ech do héieren, wat d'Patronat, notamment UEL, FEDIL a Fédération des Artisans do soen, dat ass oft einfach nëmmen asozial vis-à-vis vun der schaffender Gesellschaft.”
Wann een héiere géif, wat beispillsweis de Michel Reckinger, President vun der UEL, an aneren Interviewe soe géif, da misst een als aner Gewerkschaften och emol soen: Et geet elo duer. Et wier senger Meenung no d’Roll vun de Gewerkschafte sech ze wieren, wann een attackéiert gëtt.
Allerdéngs kéint een dës Ofwier och als zimmlech respektlos beschreiwen, well de Raymond Juchem de Michel Reckinger als “Heizungsmichi” titeléiert huet. Eng Uspillung op deem säin Installateursbetrib.
“Ech mengen, et muss ee jo och wëssen, wat een um Radio seet. A wann een op de Radio geet an et stellt een d'Studenten a Fro, et stellt een d'Mammen a Fro, et wëll een de Karenzdag aféieren, wat manifestement näischt aneschters heescht, wéi krank Leit schaffen ze schécken. (...) An ofwäertend Aussoe vum Patronat, wa se d'Fonction publique als e Club betitele, wa se da vun der Gesellschaft, vun de Grousseltere vum Zweete Weltkrich schwätzen, wat déi da vill geschafft hunn, wéi wann haut dann d'Leit näischt méi géife schaffen, da soen ech, dann ass et iergendwann och eriwwer an da muss ee sech wieren.”
Kritik un deene "mat de rouden a grénge K-Wayen”
A senger Ried huet de Raymond Juchem awer och däitlech gemaach, datt hien net schrecklech vill vun anere Gewerkschaften hält, notamment dem OGBL an dem LCGB, déi hie schaarf ugegraff huet. “Déi mat de rouden a grénge K-Wayen” huet de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft béid Gewerkschafte vernannt. Am a ronderëm den ëffentlechen Déngscht hätten déi näischt ze sichen.
De Raymond Juchem stellt kloer, datt och hien absolut der Meenung ass, datt all Mënsch – egal ob Fonction publique oder Privatsecteur – an deene grousse Gewerkschafte vertruede soll sinn. Hien hätt awer spezifesch d’Situatioun op der Post wéilten uschwätzen.
“Ech wëll elo net hei an den Detail goen, wat do alles do geschitt ass, wat zemools dann eng vun den zwou Gewerkschaften do mécht, well dat ass net allze vill. Mee dann awer eis attackéieren intern an dann och op der Antenn, an do soen ech iergendwann, ech wëll och elo hei net ze vill doriwwer schwätzen, mee dat ass alles ganz, ganz grav, wéi mir do konfrontéiert gi mat Saachen a si wëllen eis jo manifest net um Dësch sëtzen hunn.”
A senger Ried gëschter um Mëttwochowend um Nationalkongress huet de Raymond Juchem och d’Ofschneide vun de grousse Gewerkschaften am Privatsecteur bei de Sozialwale kommentéiert an drop higewisen, datt déi neutral Delegéiert haut an den Delegatiounen an der Majoritéit sinn.
Am 100,7-Interview ënnersträicht de Raymond Juchem, datt seng Gewerkschaft déi gréisste bei der Post ass. Wann net an de leschte Joren ëm Kollektivverträg goung, hätt hie sech och ëmmer staark fir de Beruff vum Bréifdréier gemaach: Besser Lounkonditiounen, manner Duebel-Tournéeën. Et hätt nämlech keen aneren an deem Kontext eppes gemaach, esou de President.
Raymond Juchem: "Een Affront"
Iwwerdeems wier hien ëmmer gefrot ginn, firwat hien als Vertrieder vun engem grousse Grupp Leit net bei de Kollektivvertragsverhandlunge géif setzen. Dat hätt hien dann och gemaach, mee ...:
“Do ginn ech d'lescht Joer dann an déi Verhandlungen do eran, du kënnt eng LCGB-Sekretärin an déi wëll mech aus dem Sall erausgeheien. Dat heescht, fir si sinn ech ee vun deene 56 Prozent fräien Delegéierten. An ech kéint elo eng ganz Panoplie nach vu Saache soen, wat mir gemaach hunn, a wat déi aner Privatgewerkschaften net maachen.”
Dëst Verhale beschreift de Raymond Juchem als een Affront. Dofir misst ee sech net wonneren, wann um Nationalkongress vun der Bréifdréieschgewerkschaft esou iwwer déi grouss Gewerkschafte geschwat gëtt, seet hire President.
Ex-FSFL-President soll fir seng Feeler riicht stoen
D'Bréifdréiesch Gewerkschaft ass den Nofollger vun der FSFL, déi de Finanzskandal, dee se vun hirem Ex-President agebrockt kritt hat, net iwwerlieft huet. Den Numm vun deem Ex-President dierf ee laut engem rezenten Urteel géint RTL och net méi nennen. Eppes, wat de Raymond Juchem och verwonnert huet.
“Ech war éierlech gesot schockéiert, wou ech héieren hunn, wat do dann elo geschitt ass, dass dem FSFL-President säin Numm net méi op der Antenn dierf gesot ginn. Et ass ganz einfach: Dat, wat dee gudde Mann déi Zäit gemaach huet, 560 Milliounen aler Frang verontreit an hie soll och dofir riicht stoen.”
De Raymond Juchem freet sech, ob wat fir enger Basis d’Geriicht esou eng Decisioun huelen.