Radioen

On air

Notturno  |  Say She She - Astral Plane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: "Attacke vun enger Häert, déi mir nach net kannt hunn"

OGBL

Nora Back: "Attacke vun enger Häert, déi mir nach net kannt hunn"

Um OGBL-Kongress wäert déi aktuell OGBL-Presidentin Nora Back sech fir ee weidert Mandat op dee Poste wiele loossen, ouni Géigekandidatur. Regierungsvertrieder:inne sinn net invitéiert. Et géifen ze vill seriö Konflikter ginn, erkläert d’Nora Back.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Nora Back | © Jo Diseviscourt play_arrow
Nora Back (Foto: Jo Diseviscourt)

Dofir sinn awer d’Fraktiounscheffe vun CSV an LSAP, de Marc Spautz an d’Taina Bofferding, an de Patrick Dury, President vum LCGB, op de Kongress vun haut a muer invitéiert. 

Déi zwou Gewerkschaften hate jo eng gemeinsam Gewerkschaftsfront annoncéiert. Eng Zesummenaarbecht, déi et bis elo nach ni gouf, awer immens wichteg wier, betount d'Nora Back am 100,7-Interview. Et hätt een Attacken erlieft vun enger Häert, déi et bis elo nach ni ginn hätt. Deemno ginn et och genuch Dossieren un deenen d'Gewerkschaften zesummeschaffen.

"Et gi sou laang Zweiwel, wéi mir keng konkret Ausso Schwaarz op Wäiss hunn"

Notamment bei de Kollektivverträg, fuerderen d'Gewerkschafte weiderhin, datt si déi matverhandelen, an datt den Inhalt vum Gesetz zu de Kollektivverträg net verwässert gëtt. D'Gewerkschafte krute schonn eng prinzipiell Zouso dozou vum Luc Frieden. Et géif een awer soulaang drun zweiwelen, bis een eng schrëftlech Ausso hätt, erkläert d'Nora Back. 

Op den Ausgank vun de Sozialwale bei der HUT Asbl ugeschwat seet si iwwerdeems, datt si iwwerrascht wier, datt den OGBL iwwerhaapt nach dräi Sëtz kritt hätt. D’Aleba huet do, als Newcomer, méi Mandater kritt, wéi den OGBL. D’Nora Back gëtt zou, datt och den OGBL Feeler am Dossier gemaach hätt. Et hätt awer och eng "Hetzjuegd" op den OGBL ginn.

Lauschterenplay_arrow