/ Vëlo an ëffentlechen Transport: wou nach Sputt no uewen ass
Berichter vum Terrain
Vëlo an ëffentlechen Transport: wou nach Sputt no uewen ass
De Jean Roilgen war laang Zäit President vum Comité des usagers des transports, engem Gremium vun Notzer vu Bus, Zuch an Tram, dee Kriticken entgéint geholl a Verbesserungsvirschléi weidergeleet huet. Säin Asaz fir e besseren ëffentlechen Transport war och mat Enttäuschung a Frustratioun verbonnen.
2011 koum de comité des usagers fir d'éischte Kéier zesummen. Et handelt sech bei deem Gremium ëm eng heterogen Grupp vu Leit, aus alle soziale Schichten aus all Eck vum Land, seet de Jean Roilgen.
Bushaisercher, granzeg Buschaufferen "déi d'Dieren net ëmmer anstänneg opgemaach hunn oder ze séier an d'Kéier gefuer sinn", ware just e puer vun den Doleancen, déi un de Comité erugedroe gi sinn.
Kee Sëtz an der commission des usagers
De comité des usagers krut iwwregens ee Sëtz an der sougenannter commission des horaires refuséiert, erzielt de Jean Roilgen. Déi Kommissioun beschäftegt sech mat der Gestaltung vun de Bushorairen an huet dem Jean Roiltgen no, eigentlech just eng Alibi-Funktioun.
Jorelaang huet hie sech och fir en Zebrasträif am Heischter Gronn agesat a krut no 14 Joer schlussendlech Satisfactioun, wéi op där Plaz een ënnerierdesche Passage gebaut ginn ass. "E misst just nach mäin Numm kréien." (laacht)
De Jean Roilgen war laang Zäit President vum Comité des usagers des transports. (Foto: Morgane Weidig)
Vëlosinfrastruktur fir jiddereen
De Christophe Reuter ass am Mobilitéitsministère zoustänneg fir déi strategesch Verkéiersplanung, also och fir den Ausbau vum Reseau vu Vëlospisten.
Ee wichtegen Aspekt beim Vëlofuere wier d'Sécherheet déi misst garantéiert ginn, mee et misst och kammoud si fir mam Vëlo ze fueren.
D'Ambitioun misst et dofir sinn, datt ee vun all Plaz op all aner Plaz am Land mam Vëlo kéint fueren, entweder iwwer Vëlosweeër oder Vëlossträifen um Bord vun der Strooss. Dofir dierft an Zukunft kee méi wéi sechs Kilometer vun der nächster Entrée op de Vëlosreseau fort sinn.
"Mir bauen déi Saachen net fir de 40 järegen Athlet, mee fir Famille mat Kanner."
De Christophe Reuter ass am Mobilitéitsministère zoustänneg fir déi strategesch Verkéiersplanung. (Foto: Morgane Weidig)
Eng héichwäerteg Infrastruktur ass déi wichtegst Viraussetzung
U politeschem Wëllen an um Budget mangelt et momentan net, méi kriddelech ass, datt een och fir all Vëloswee eng Autorisatioun vum Ëmweltministère muss hunn. Dat géif d'Prozedure vläicht e bësse méi lues maachen, mee wier net weider dramatesch, sou de Christophe Reuter vum Mobilitéitsministère.
Hien a seng Ekipp hätten awer am Alldag och mat enger Rei Probleemer ze dinn, sou de Christophe Reuter. Et wier zum Beispill schwiereg fir genuch Terrainen erbäi kréien a Geneemegunge géifen zu Lëtzebuerg och méi laang brauche wéi zum Beispill a Frankräich.
Zu Lëtzebuerg géifen erfarungsgeméiss och déi selwecht Konzepter funktionéiere wéi am Ausland, et misst een deelweis just nach e bësse Retard ophuelen, sou den héije Beamten aus dem Mobilitéitsministère.
"Gitt dem Lëtzebuerger eng héichwäerteg Infrastruktur, dann huele se dat och un."