D’Mëtt-riets Politikerin Dilan Yesilgöz kéint als éischt Fra Regierungscheffin an Holland ginn. Si steet an enker Konkurrenz mam anti-Islam Populist Geert Wilders, mee och mam fréieren EU Kommissär Frans Timmermans vun der lénker Allianz.
Et wäert eng enk Course ginn. Keng vun de Parteie kënnt bei de Sondagen op méi wéi 20% vun de Stëmmen.
Iwwer 13 Millioune Leit sinn opgeruff fir Wielen ze goen. D’Haaptsujeten am Walkampf waren ënner anerem d’Immigratioun an d’Klimakris.
D’EU wäert gespaant op d’Resultat vun de Walen an Holland kucken. De Mark Rutte hat d’Land wärend de leschten 13 Joer regéiert, mee trëtt dës Kéier net méi mat un.