Radioen

On air

Tockcity  |  Benjamin Moorhouse - Any Time Soon - Ten Fé

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ VW wëll dräi Wierker an Däitschland zoumaachen

Däitsch Wirtschaft

VW wëll dräi Wierker an Däitschland zoumaachen

Den däitschen Autosproduzent VW wëllt op d‘mannst dräi Fabricken an Däitschland zoumaachen. Dat huet d’Cheffin vum Betribsrot vu Volkswagen haut viru Mataarbechter:inne gesot. D’Entreprise wéilt zéngdausenden Aarbechtsplaze sträichen, kee Standuert géif verschount bleiwen. Souguer de Bundeskanzler Olaf Scholz huet sech schonn agemëscht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Snowfield Photography play_arrow
Foto: picture alliance / Snowfield Photography

D'Haltung vum Olaf Scholz an der Affär VW wier kloer. Falsch Decisioune vum Management dierften net zu Laaschte vun de Mataarbechter goen, sot e Spriecher vum Bundeskanzler de Méindeg de Mëtten. Den Olaf Scholz fuerdert also vu VW, Aarbechtsplazen z'erhalen.

Zéngdausenden Jobs sinn a Gefor

Déi Opfuerderung koum, well VW do aner Pläng huet. De Conseil vum weltwäit emsatzstäerksten Autosproduzent huet deemno wëlles, alleguerten déi däitsch VW-Standuerter ze verklengeren. Dat géif konkret heeschen, datt ganz Produiten a Montagelinne géife gestrach ginn, sot d'Daniela Cavallo - Cheffin vum Betribsrot vu VW - haut zu Wolfsburg, wou d'Entreprise hire Sëtz huet. Op d'mannst 3 vun den 10 VW-Fabricken an Däitschland géife ganz zougemaach ginn.

Wann et no de Pläng vu VW géing, sollen zéngdausenden Jobs verschwannen, insgesamt schaffen an Däitschland 120.000 Leit fir d'Volkswagen AG, zu där ënnert anerem och d'Autosmarken Audi, Porsche oder Skoda gehéieren.

Annonce kënnt während den Tarifverhandlungen

Schonn e Sonndeg hat déi däitsch Wirtschaftszeitung Handelsblatt iwwert d'Spuerpläng vun de VW-Cheffe beriicht. D'Nouvelle kënnt zwee Deeg, ier déi aktuell Tarifverhandlungen tëscht der Entreprise an der IG Metall an déi zweet Ronn solle goen. D'Gewerkschaft fuerdert fir d'VW-Mataarbechter:inne 7 Prozent méi Loun.

Eng séier Eenegung am Tarifsträit ass elo éischter onwarscheinlech. Dem Betribsrot no plangt VW nämlech, Lounkäschten anzespueren – iwwer d'Outsource vu verschiddene Verwaltungsaufgaben, mee och iwwer Lounkierzungen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Wirtschaft