search

/ Urteel vum Ieweschte Geriicht an den USA: Trump seng Douanestaxen deels illegal

USA

|
headphones

1 min

Urteel vum Ieweschte Geriicht an den USA: Trump seng Douanestaxen deels illegal

D'US-amerikanescht Iewescht Geriicht huet geurteelt, datt eng Rei US-Douanestaxen illegal wieren. Den Donald Trump hätt säi Pouvoir iwwerschratt esou d‘Urteel vu sechs Riichter.

headphones

1 min

© Bigstock / aberenyi
(Foto: Bigstock / aberenyi)

Et geet hei virop ëm déi Douanestaxen, déi mat Hëllef vun engem Noutstandsgesetz duerchgesat goufen. Dat wier hei awer net justifiéiert gewiescht, heescht et am Urteel. 

D‘EU-Kommissioun waart elo of wéi d‘US-Regierung mat dësem Urteel ëmgeet. Notamment gouf vu Säiten vun der Trump-Regierung schonn annoncéiert, datt een aner rechtlech Grondlage fir d‘Douanestaxe fanne wéilt.

US-Wirtschaftswuesstem leit ënnert Taxen

Iwwerdeems louch den US-Wirtschaftswuesstem am leschten Trimester zejoert bei 1,4 Prozent. Dat läit wäit ënner den 2,5 Prozent, déi sech vun Analysten erwaart goufen. Op d‘ganzt Joer gekuckt louch de Wirtschaftswuesstem bei 2,2 Prozent. Dat ass liicht manner wéi 2024 a läit och ënner den Erwaardungen. 

Dës Entwécklungen si virop op d‘US-Douanestaxen zeréckzeféieren. Éier déi agefouert goufen, hunn d‘Entreprisen uganks dës Joers staark opgestockt. Duerno hätt dat nogelooss, wat een negativen Impakt op de Wirtschaftswuesstem hat. Domat hunn dem Trump seng US-Douanestaxe genau de Géigendeel erreecht vun deem wat hie sech erhofft hat.