Déi gréng Fraktioun am Europaparlament hätt sech eng Debatt iwwer d‘Urteel gewënscht. Dozou ass et allerdéngs net komm.
Et hätt ee gären driwwer diskutéiert, wéi d‘EU-Institutioune besser vir Bedruch a Korruptioun schütze kënnen, esou den Europadeputéierten. Hie fënnt et iwwerdeems bezeechnend, datt grad déi, déi am meeschte vu Korruptioun an der "Bréisseler Maschinn" schwätzen, elo verurteelt goufen.
D'Gesetz gëllt fir jiddereen:t selwecht
Den Daniel Freund, hofft, datt dëst Urteel vun der franséischer Justiz ee Standard fir déi aner EU-Länner setzt.
Sech an d‘Roll vum Affer ze stellen, wier eppes wat een zënter Jore vum Riets Bord an Europa kennt. Hie gëtt och net deene Stëmme Recht, déi dëst Urteel fir falsch halen oder mengen et géif dem Rietse Bord an d‘Hänn spillen. D‘Justiz hätt onofhängeg an dem Gesetz entspriechend decidéiert. D‘Gesetz géif ebe fir jiddereen:t selwecht gëllen.